Autotest vum 13. Mäerz 2014Nissan Qashqai

Vum Qashqai-Succès gouf Nissan selwer iwwerrascht. Mëttlerweil ass dëst Segment iwwerlaf. Den neie Modell kritt et net einfach, mengt de Pascal Becker.

Den éischte Qashqai war fir Nissan en Zoufallstreffer. Mam Almera war d’Firma an engem Segment wou d’Konkurrenz am häertste war. Komm mir maachen einfach eppes ganz aneschters, soten sech d’Japaner. An aus dem Crossover mam komeschen Numm gouf en Hit, si hunn der dräi mol méi verkaaft wéi geplangt.

De Qashqai hat d’Well vum héichen Auto ouni Offroad-Ambitioune perfekt getimt erwëscht. An der Tëschenzäit hunn all déi aner dat lukratiivt Segment iwwerlaf. Den neie Qashqai huet et definitiv méi schwéier, sech aus der Mall erauszeschielen.

Den Design kann ee generesch bezeechnen, de bedeitendste Fortschrëtt ass bannen. Et sinn net nëmmen déi staark verbessert Plastiksqualitéit vum Tableau, d’Instrumenter an dat vill méi generéist Raumgefill. Hei gëtt et och vill Plaz fir den Alldagskreemchen ofzetesselen. Praktesch. Ënnert der Ceinture hellt d’Plastiksqualitéit allerdéngs kräfteg of. D’Hiewele fir d’Sëtzverstellung si peinlech bëlleg.

Hanne feelt et wuel net u Volumen, mä d’Sëtzbänk ass niddereg a kuerz, d’Been leien net richteg op, anerer bidden do méi Confort. Den neie Qashqai gëtt et iwweregens net méi als verlängerte 7-Sëtzer.

Och bei der Variabilitéit bleift de Qashqai um Feldwee vun der Gewunnecht. D’Basics stëmmen, d’Trennwand ass nëtzlech wanne seng Kommissiounen net wëll an der éischter Kéier iwwert den Teppech verstreeën. Mä d’Luedkant bleift zimlech héich.

Punkto Sécherheetsassistenten ass den Nissan mat allem néidegen ze kréien. De Spuerassistent vibéiert hei awer net wann een iwwert e wäisse Stréch fiert: e piipst. Permanent. Dat irritéiert, also mécht een en aus. Gutt geschafft...

E ganz wichtegen Detail fir wann der fir d’éischt mat engem Qashqai fuert: déi elektresch Servo huet zwou Astellungen. Normal a Sport. Normal ass fuerchtbar schwammeg, zum Gléck gëtt alles vill besser, wann een op Sport schalt.

Sport ass jo en dehnbare Vokabel wat de Spagat tëscht Curling a Cage-Fighting ofdeckt. Dynamesch ass de Qashqai wuel net op der martialescher Säit ze fannen, mä säi 1600er Turbodiesel mécht seng Aarbecht gutt a leeft roueg. 130 Päerd an eng liicht Karosserie maachen, dass de Wonsch no méi Power seelen opkënnt. A mat engem reeellen Testverbrauch vu knapp ënnert sechs Liter ass de Qashqai och spuersam. Ënnert anere wëlle en nëmme  virgedriwwen ass. Allrad gëtt et just bei der Topversioun. Mä ënnert Offroad-Poseren ass de Qashqai jo a gudder Gesellschaft.

Deen ale wa, dynemsch gesinn, eng Schnaarchkëscht, déi nëmmen Ënnersteieren um Menü zerwéiert huet. Dat dierf een haut soen. De Qashqai II ass doranner vill besser a beherrscht elo d’Disziplin schëtzeg fléissend mat guddem Confort a genuch Präzisioun. Fortschrëtt.

Am Crossover-Revéier ziilt den neie Qashqai op den éischter nidderegen Deel vum Präissegment. D’Lëscht geet bei ronn 20’000 Euro  un, eise schonn éischter gehuewenen Testauto huet un der 30’000-Grenz gekraazt.

Konkurrenzfäheg, mä net revolutionär. Deen neien ass wuel vill besser wéi deen alen. Mä en Trendsetter ass et net méi.

Nissan Qashqai (13.03.2014)
Vum Qashqai-Succès gouf Nissan selwer iwwerrascht. Mëttlerweil ass dëst Segment iwwerlaf. Den neie Modell kritt et net einfach, mengt de Pascal Becker.