Autotest vum 10. Abrëll 2014MercedesBenz C-Klass

D'Zäite wou d'C-Klass de Baby-Benz war sinn eriwwer. Mä et bleift de klengste Mercedes, deen hanne gedriwwen ass. De Pascal Becker huet den neien C getest.

An der Lescht huet Mercedes mat vir gedriwwene Modeller fläisseg Juegd op frësch Cliente gemaach. Mat Succès. Elo kënnt eppes fir déi, déi dem Stär vum Heckundriff follegen.

D’C-Klass war laang Zäit dee klengste Mercedes. Haut net méi. Den neien Design klaut evidenterweis méi beim grousse Brudder S wéi bei der aktueller E-Klass, där deen neie geféierlech no op de Pelz réckelt.

Bannen huet d’Qualitéit kloer e Schrack no vir gemaach, esouwuel am Design wéi an de Matièren, déi verbaut sinn. Bei der neier C-Klass huet een elo och méi Kombinatiounsfräiheeten. E sportlechen Exterieur mat engem confortbetounten Intérieur, oder ëmgedréint, dat ass elo méiglech.

Wat an alle Variante gefält, ass dass et bei Mercedes ëmmer gläich e puer Weeër zur Funktioun gëtt. Comand, Touchscreen oder konventionell Knäppercher. Eppes funktionéiert ëmmer intuitiv.

Dass de grouss Schierm ausgesäit wéi en opgesaten iPad an net wéi bei der S-Klass integréiert ass, kann ee vläicht optesch bedaueren, mä et klappt och esou.

De Sëtzconfort ass besonnesch vir vun der gehuewener Zort an och an der zweeter Rei gëtt et gutt Nouvellen. Déi nei C-Klass ass näämlech 10 Zentimeter méi laang, dovu profitéieren d’Passagéier hannen. Just mat der loft iwwert dem Kapp ass deen Neien net esou generéis. Den Testauto hat den optionelle Panoramadaach, deen net nëmmen 2’000 Euro extra, mä esou hu mir den Androck, och e puer Zentimeter Plafong kascht.

D’Mall ass grouss genuch an si léisst sech elo verlängeren. Virausgesat et huet een déi néideg Optiounen ugekräizt. Eisen Testauto war mat iwwer 14’000 Euro där Extrawënsch ausgerüst a koum esou op ronn 50’000. Déi mathematesch Begaabten ënnert Iech hunn elo direkt ausgerechent, dass eng Basis-C-Klass mat engem 220 CDI also fir 35’500 ze kréien ass. Ouni dass ee fir dee Präis wierklech wichteg Saache vermësse giff.

Dat hei ass e wierklech confortabele Laangstreckenauto, a well een zu Lëtzebuerg serieméisseg méi e groussen Tank kritt wéi an Däitschland, sinn iwwer 1’000 Kilometer um Stéck méiglech. Wann de Passagéier hir Blos et packt...

Emol erof vun der Autobunn mécht d’C-Klass weider Spaass. Déi sougenannte parametresch Lenkung variéiert je no Vitesse Servoënnerstetzung an Iwwersetzung. Esou ass den Auto mat klenge Beweegungen um Steierrad richteg flénk.

Et kascht e bëssen Informatioun. Glaskloer Réckmeldung kann en 3er BMW besser. Well jo haut alles Software gesteiert ass, erlaabt och de Mercedes sengem Chauffer Agrëff an esou Saache wéi Häert vun den Amortisseuren oder Reaktioune vum Gaspedal. Si nennen et “Agility Control” an de Spektrum reegt vun Eco iwwer Confort bis SportPlus.

Am SportPlus-Modus gëtt de Computer esouguer automatesch e wueldoséierte Stouss Tëschegas wann en zeréck schalt. Dat funktionéiert super, ass allerdéngs méi dacks néideg wéi een sech dat vun 170 Päerd erwaart. Déi  nei C-Klass ass näämlech extrem laang iwwersat, theoretesch kësst de Motor am 6. Gang eréischt bei 350 km/h de roude Beräich.

Dat ass wuel gutt fir den akusteschen Confort op der Autobunn a fir niddereg Verbrauchswäerter um Pabeier. An der Praxis geet et awer kloer op d’Käschte vun der Dynamik.

En Auto, den 230 rennt an a manner wéi 8 Sekonne vun 0 op 100 brauch, ass sécher net lues. Mä wien bei Reprisen net fläisseg zeréck schalt, vermësst d’Souveränitéit déi de Recht vum Auto ausstrahlt. Dofir ass eise Rot kloer: fannt onbedéngt déi 2’500 Extra-Euro fir d’Optioun Automatik. An dann hutt der eng handlech, spuersam a confortabel kleng S-Klass.


MercedesBenz C-Class (10.04.2014)
.