Autotest vum 24. Abrëll 2014Porsche Macan

D'Gamme vu Porsche gëtt méi grouss. Nieft dem Cayenne gëtt elo nach méi e klenge SUV ugebueden. De Pascal Becker konnt de Macan zu Marrakesch testen.

Op de Rieder vum neie Macan leie grouss Hoffnungen. Porsche geet näämlech dovunner aus, dass eisen Appetit fir SUVen nach weider klëmmt. An d’Verkafszuele ginn hinne recht. Fir dësen Auto ginn et elo scho laang Waardelëschten. Mir sinn hei zu Marrakesch fir ze kucken, op d’Waarde sech lount.

De Macan baséiert um Audi Q5. Woubäi dat Wuert “baséiert” e ganz grousse Spagat kann ofdecken. Dat hei ass sécher keen einfache Klon, dee mat e puer Porsche-Stickeren opgepeppt gouf. Schonn den éischter coupéméissegen Design verréit, dass kee Blechdeel identesch bliwwen ass. E Krokodils-Capot huet den Audi zum Beispill net.

Och kee Porsche-typeschen Intérieur. Déi gutt Säite leien an der impecabeler Finitioun an de groussen individuelle Méiglechkeeten, déi de Katalog bitt. Fir déi manner gutt Säiten, eng Zuel: 46! Esouvill Knäppercher gëtt et alleng op der Mëttelkonsol, an et war nach Plaz fir méi. Et ass natierlech de Familjelook, iwwerholl aus dem Panamera. Mä an der Ergonomie vun Infotainment a Commande gëtt et méi iwwersiichtlech Léisungen, zum Beispill am Q5.

Op esou eppes wéi dat hei hu mir laang gewaart. D’Steierrad kënnt aus dem 918 an et dréit endlech Schaltpaddelen, net déi Knäppercher iwwert déi mir eis laang opgereegt hunn. Hannen huet ee wuel adäquat Plaz awer net fir all Kierperdeeler. Wien iwwert 1m83 ass, schruppt mam Kapp um Plafong. Mä déi meescht Macan-Keefer wäerten hannen haaptsächlech Kanner transportéieren.

Ëmmerhi gëtt et eng Mall, déi grouss a polyvalent ass. Konzeptbedéngt muss ee Kutsch a Kreemchen hei allerdéngs e bësse stemmen. De Buedem ass wäit.

De sougenannte “Sports Utility Vehicle” ass jo eng Iddi, déi aus Amerika kënnt. Deem Land mat de risege Landschafte, rare Kéieren an nidderege Vitessen. Dat ass e Pflichtprogramm, deen de Macan mat lénks erfëllt. 7-Gang-PDK-Automatik, CruiseControl an deen éischten Aha-Effekt. De Fiederungsconfort ass an den ziville Réglagen ganz einfach remarquabel. Do hat ee geduecht, si géifen de Q5 op Sport trimmen andeems si alles knëppelhaart maachen. De Géigendeel ass agetratt, dat hei ass e sophistikéierte Chassis mat Muskelen a Manéieren.

Fashion Victims, déi systematesch déi allergréisste Felgen am Katalog ukräizen sief gesot, dass 21 Zoll zwar gutt ausgesinn, mä de Gummi net bëlleg ass. An eis 19 Zoll net onschëlleg um gudden Ofrullconfort waren.

Mir haten se allerdéngs net dowéinst ausgewielt, mä well mir wëlles haten d’Strooss ze verloossen. Ech mengen elo net, dass Macan-Keefer wëlles hunn, mat hirem Auto Beem an de Bësch schleefen ze goen. De Porsche huet zum Beispill kee Redukter.

Den Offroad-Knäppchen vun der optioneller Loftfiederung hieft allerdéngs d’Karosserie ëm e puer Zentimeter an da kann een op der Pist scho richteg heizen. Hei mierkt een och, firwat d’Porsche-Ingénieuren de Quattro-System vun Audi erausgerappt huet an hir eegen Allrad-Zopp wollte kachen. Um Schotter mierkt een déi fundamental Natur vun engem Chassis bei vill méi nidderege Vitessen. De Macan schéckt emol fir d’éischt Leeschtung un déi hënnescht Rieder, dat bréngt e bëssen deliziéist Iwwersteieren iert déi viischt Rieder agräifen fir d’Kar riicht ze zéien.

An emol méi kann een nëmme feststellen, dass de Mix vu Karosseriekontroll a Fiederungsconfort remarquabel ass. Mä esou lues musse mir eis fir d’S-Wuert interesséieren. Ass dat heiten e Sportswon?

Do sinn op der enger Säit Fuerleeschtungen. E Macan S hëlt aus engem 3-Liter-V6 mat Biturbo 340 Kaméiler. Domatt krabbelt en a 5,4 Sekonnen op 100 a rennt um Enn 254. Ongeféier d’Wäerter vun engem Cayman. Mä Sport definéiert sech och iwwert Dynamik an de Kéieren. Hei seet ee sech, dass ee vläicht awer besser d’Optioun “grouss Rieder” ugekräizt hätt. Mat 19 Zoll ass de Macan op Asphalt scho bal träg.

Fir en SUV ass dat hei en drotege Sportler – ouni Zweifel. E knapp zwou Tonne schwéieren Auto kann awer net d’Reflexer vun enger liichter Ballerina hunn. An och net hiren Appetit. Et brauch een Engelsféiss fir mam Macan S ënnert 11 Liter ze kommen.

D’Bremse sinn dogéint ouni Reproche. An esou enger Landschaft ass dat berouegend. Leit, déi ganz vill am Süden ënnerwee sinn, sief op dëser Plaz vum grousse Panoramadaach ofgeroden. Dem Macan seng Klimaanlag ass näämlech net iwwerdimensionéiert. An hei kann ee jo net ëmmer d’Fënster opmaachen, soss knirscht et ënnert den Zänn.

Am Maroc ass et üblech, am Bazar ze handelen. Déi gutt Nouvelle fir d’éischt. De spuersamen Diesel ass net méi deier wéi de Macan S, just e bësse manner séier. Méi wéi bei den Teppechhändler markéieren déi 56’595 Euro nëmmen den Ufank vun de Verhandlungen. Den Ali Baba a seng 40 Vendeure wénke mat 1001 Optiounen vun deenen der eng etlech néideg sinn, fir de Macan richteg attraktiv ze maachen. Deemno en echte Porsche.

Porsche Macan (24.04.2014)
D'Gamme vu Porsche gëtt méi grouss. Nieft dem Cayenne gëtt elo nach méi e klenge SUV ugebueden. De Pascal Becker konnt de Macan zu Marrakesch testen.