Autotest vum 22. Mee 2014Mini Cooper

Deen neie Mini ass e gudde Krack gewuess, mä ënnert dem Capot schaffen nëmmen nach dräi Zylinder. De Pascal Becker huet den neie Mini probéiert.

D’Leit vu Mini sinn e bëssen an enger 911-Situatioun. Wéi deet een eng ikonesch Forme evoluéieren ouni an d’Auto-Karrikatur ze falen? Déi éischt Äntwert ass: Proportiounen anhalen. Den neie Mini ass gewuess. Harmonesch, gläichméisseg. Dofir sinn d’Luuchte vun no esou riseg. Fir dass den Auto vu wäit d’selwecht ausgesäit.

Firwat wuessen? Fir nei Foussgänger-Crashnormen anzehalen, fir méi Plaz ze bidden. En ass och gewuess, well hei ënnert dem Blech eng nei Plattform sëtzt mat där BMW och ënner eegener Mark vir gedriwwen Autoë baue wëllt.

En ass och gewuess, well een dëse Mini an e puer Méint mat véier Diere kritt. Bis dohinner ass eran an erausklammen nach ëmmer e bësse wéi e Kaiserschnëtt ouni Anesthésie. Mä emol op der Plaz sinn d’Sëtzkonditiounen u sech dezent.

Och d’Mall ass méi grouss ginn. Mä Raum-Économie ass hei net d’Thema. Et geet méi an e Gromperesak wéi an eng Posch. A jiddereen weess, dass bei der Posch den Transport vu Gidder nëmmen e klengen Deel vun der Equatioun ass.

E Mini wëllt zwou Saache bidden. Eegestännegkeet a Fuerspaass. Zur Eegestännegkeet gehéiert neierdéngs eng Lightshow, all Kéiers wann een Temperatur, Sound oder Fuerprogramm ännert. Méi fundamental si wierklech exzellent Sëtzer an de Fait, dass d’Plastiker elo ausgesinn wéi wann se vu BMW kommen an net méi vun Aldi.

Plazeweis hätt d’Ingénieurskonscht awer kinnte besser agesat ginn. Iwwert der Händchekëscht gëtt et e Gefaach mat engem sofistikéierten Deckelmechanismus... wou knapps en Handy erapasst. Dogéint ass et eng Péng d’Récker vun de Sëtzer iwwert dem Fueren ze verstellen, well een extrem schlecht un den Hiewel kënnt.

De Cooper läit an der Mëtt vun der Mini-Gamme. A war bis elo éischter bluttaarm motoriséiert. Hei soll eng nei Maschinn hëllefen. Mat nëmmen dräi (!) Zylinder.

Zäit fir eng Beicht: Kleng Autoen an dräi Zylinder erwechen den Hooligan a mir. An esou frech wéi de Mini ëm d’Kéiere peffert, ass hien den ideale Kompliz. Vergiesst déi deier Optiounspäck, déi probéiere Plastik zu Gold ze maachen. Hei ass dat, firwat et sech lount extra ze bezuelen: GoKart-Feeling!

Esouguer mat enger Grëtz méi Fiederungsconfort wéi beim Virgänger. Ferm, mä gerecht! Endlech huet een och ënnert dem Capot déi Ënnerstëtzung déi ee brauch ouni mussen op d’S-Versioun zeréckzegräifen.

Et gëtt e Spréchwuert, dat seet: Leeschtung mécht séier, mä Dréimoment mécht glécklech. Dee klengen 3-Zylinder zitt aus nidderegsten Dréizuele wéi ee groussen, an et ass déi Disponibilitéit, déi e gudden Deel vum Spaass um Cooper ausmécht.

De 1500er bréngt 136 Päerd un d’Rieder, genuch fir a manner wéi 8 Sekonnen op der Landstrooss e Protokoll ze fänken. Oder mat 210 um Geriicht ze landen. Et geet jiddefalls duer, fir sech net ze langweilen ouni dofir gläich an d’Laberenten ze geroden.

Déi laang Iwwersetzung huet dräi Konsequenzen. Fir de Spaass sinn déi éischt dräi Gäng zoustänneg. Stufe 4 bis 6 bleiwen awer polyvalent. Do héiert een de Motor knapps schnurren, de Cooper ass op Autobunne roueg an absolut laangstreckentauglech. An zu gudder Läscht ass en och nach spuersam, wann een normal fiert. Den Antrëttspräis vun 19’100 Euro huet mat Motor a Chassis scho virun Optiounen déi Haaptelementer déi d’Fundament vum Spaass leeën. An domat wier den neie Cooper eppes wat säi Virgänger ni war: déi gëlle Mëtt am Mini-Programm. Et muss net onbedéngt en S méi sinn.

Mini Cooper (22.05.2014)
Deen neie Mini ass e gudde Krack gewuess, mä ënnert dem Capot schaffen nëmmen nach dräi Zylinder. De Pascal Becker huet den neie Mini probéiert.