Autotest vum 18. September 2014MercedesBenz V-Klass & VW Multivan

En Duebeltest! De VW Multivan war laang Zäit kloere Leader an der Minibus-Klass. Elo wëllt Mercedes mat der V-Klass erëm e Wuert matschwätzen.

De VW Multivan ass zënter iwwer 60 Joer esou eppes wéi e schwäizer Messer. Chantierscamionette, Hippie-Bus, Surfer-Bud an Airport-Shuttle an enger Famill.

Bei Mercedes sinn se dorobber jalous. Besonnesch am lukrative Lifestyle-Segment wëllt déi nei V-Klass de Multivan op der Luxusspuer iwwerhuelen.

D’Mabitioun war hei: méi Auto a manner Camionette. A wann een den Tableau kuckt, deen ausgesäit wéi wann en aus der neier C-Klass giff kommen, muss e soen “mission accomplie”. Esou d’Matièren wéi d’Formesprooch, Écran an Interfacen sinn definitiv net nëmme méi modern mä gefillt och eng ganz Klass méi héich wéi déi vum VW.

Den utilitairen DNA ass beim Multivan manner gutt verstoppt. Wat awer net onbedéngt en Nodeel ass. Vum VW senge ville prakteschen Oflagen kann de Mercedes nëmmen dreemen. An och wann den Écran méi klang an de Plastik méi haart ass, kann de Multivan funktionnel iwwerall mathalen. En huet esouguer Saachen, déi d’V-Klass net huet. Zum Beispill hënnescht Fensteren déi grouss opginn, esou dass d’Passagéier hir klimatesch Décisioune selwer an de Grapp kënnen huelen.

“Mäin ass dofir awer méi laang”, sot de Serge. An och säin Auto huet e puer Extra-Zentimeter, déi sech haaptsächlech an enger méi grousser Mall néier schloen. Eng Mall, déi och méi clever Méiglechkeete bitt, wéi déi vum VW. Et kaan een zum Beispill d’Fënster separat opmaachen, praktesch an enke Parkplazen. An der Oflag verstoppen sech donieft klappbar Akafskëschten.

De Multivan huet just eng Riseklapp. An als 7-Sëtzer net immens vill dohannert. Wa richteg Gepäck am Spill ass, mussen d’Passagéier Kompromësser maachen. Ëmständlech, well d’Bänk réckelt nëmme wann de Réck ëmläit. A wien déi Bänk ganz ausbaue wëllt, bestellt am beschten den Hulk an de Georges Christen.

Eng kleng Compétitioun! Wat fir ee Van léisst sech am séierste vu Bus op Konferenzzëmmer ëmrüsten? Beim VW ass dat kannerliicht. 49 Sekonnen an den Dësch ass gedeckt. De Mercedes huet zwee Handicapen. De Serge a seng zwou lénk Hänn. A Sëtzer, déi ee muss ausbauen fir se ëmzedréinen. Och hei sinn d’Sëtzer schwéier a massiv. Praktesch ass anescht. Endlech, no 5’27” zu zwee Mann. Dat alles fir ze weisen, wat tëscht Theorie a Praxis läit.

Béid Kandidaten beherrsche wuel de Variabilitéitsspagat tëscht Luxus a Plënnerwon. Mä den Ëmbau ass eng Peng am A... esou dass ee garantéiert esou seele wéi nëmme méiglech dovu Gebrauch wäert maachen.

Och wann se déif an hirem Stammbam emol Camionette waren. Virun Autoen brauchen eis Vanen sech net ze verstoppen. 190 Päerd am Mercedes, 180 am VW. Siwen automatesch Gäng op béide Säiten, quasi-identesch Fuerleeschtungen. Iwwerhuelen ass kee Problem, de Grip a Kéieren ass héich. De VW eng Grëtz méi direkt, de Mercedes méi confortabel.

Mä dat sinn akademesch Punkten. Wann een als Chauffer d’Méiglechkeete wëllt ausnotzen, rebelléieren hannen d’Passagéier.

Eng gutt Iwwerraschung an dësem Test war, wéi einfach am Ëmgang dës dach grouss Gefierer awer sinn. Déi héich Sëtzpositioun an déi kanteg Karosserieforme garantéieren eng Iwwersiichtlechkeet vun där vill Limousinen nëmmen dreeme kënnen. Béid Autoen hunn eng Réckfuerkamera, am Mercedes gëtt esouguer den Auto komplett ronderëm iwwerwaacht.

An elo Kanner, kënnt dee Moment, wou mir iwwert d’Gefroe vun ongeschütztem Sex schwätze mussen. Eng grouss Famill ass wuel e Gléck. Mä wien wierklech e 7-Sëtzer brauch, sollt och déif Täsche matbréngen. Eis zwee Full-Option-Kandidate sinn an der Géigend vu 70’000 Euro. Een driwwer, ee just drënner. Theoretesch kritt een e Multivan ab 32’000€, an eng V-Klass just ënnert 40’000€.

Dem Mercedes seng ganz donkel getéinte Säitefënstere sinn affaire de goût. Als Passagéier huet een den Androck an enger Gruft ze sëtzen. Am Verglach sëtzt een hannen am Multivan hell a lëfteg, mat enger besserere Vue no baussen. De Sëtzconfort ass awer bei allen zwee richteg gutt fir jiddfereen, ëm Welte besser wéi dee vun esou ville Pseudo-7-Sëtzer, déi op Offroader oder verlängerte Minivans baséieren.

Wann ee sech se da leeschte kann, sinn se allebéid talentéierst Multitoolen, mat engem Verbrauch ëm déi 8 Liter. A genuch Chassis-Pepp fir dass een als Chauffer gären de Wee mat ville Kéiere wielt, fir heemzefueren.

MercedesBenz V-Klass & VW Multivan (18.09.2014)
De VW Multivan war laang Zäit kloere Leader an der Minibus-Klass. Elo wëllt Mercedes mat der V-Klass endlech e Wuert matschwätzen.