Autotest vum 16. Oktober 2014Chevrolet Corvette C7 Stingray

D'Corvette ass eng Legend. Elo kënnt d'Nummer 7. Dem Pascal säi Verdict: D'C7 huet hir amerikanesch Tugende behalen, mä krut europäesch Finessen dobäi.

Déi sechs Generatioune vu Corvetten, déi bis elo am Container iwwert den Atlantik komm sinn, haten et net ëmmer einfach bei eis. Zum Deel hu se falsch verstan a gesnoppt. Zum Deel waren se och net ëmmer terribel gutt.

D’C7 ass hei fir mat all dem ale Bagage ofzerechnen. Definitiv an ouni Excusen. Do wieren déi 466 Päerd. Geziicht an enger 6,2 Liter grousser V8-Ranch, zimlech wäit an der Mëtt vum Chassis placéiert. Keen Turbomultiventilfirlefanz. Just gudden ale Volumen a quadrophoneschen Nascar-Sound.

Mä dat konnten d’Virgänger och schonn zimlech gutt. Och si haten zum Deel ganz attraktiv Plastikskarosserien. Bis dass een d’Dier opgemaach huet.

Hei ass eng nei Era ukomm. Materialien, Finitioun, alles Euro-Standard. Endlech. D’Sportsëtzer si superb, d’Alcantara-Steierrad e Genoss. D’Digitalinstrumenter passen sech dem Fuerprogramm un a gesinn dobäi gutt aus, esouguer den Head-Up-Display ass am Alldag praktesch a relevant. Méi jiddefalls wéi e G-Meter.

Mam Navi sinn ech net eens ginn. Eigentlech egal. Net nëmme well all Smartphone dat haut kann. Mä virun allem well ee mat dësem Auto net onbedéngt de kierzeste Wee vun A op B wielt.

Den Daach ass mat zwee Handgrëffer ausgebaut an huet eng fest Plaz an der iwwerraschend grousser a praktescher Mall. Wiem d’Targa-Belëftung net duergeet, fënnt nieft der Klimaanlag och nach iwwerraschend wierksam ventiléiert Sëtzer. Net iwwerflësseg, well Motor a Boîte strahle vill Hëtzt an d’Cockpit of.

Raume mer fir d’éischt emol d’Chifferen aus dem Raum. 4 Sekonne vun 0 op 100, 292 Spëtzt. Fir den Alldag esou relevant wéi Schokolasbremsen. Dass mir eis net falsch verstinn. Dës Corvette bremst gutt. Mir Europäer kréie serieméisseg eng Rëtsch Racing-Raffinesse, déi d’Amerikaner mussen extra bestellen.

Et gi Leit, déi fannen d’Corvette rustikal. Hei gëllt dat héchstens fir d’Schaltung. Den Hiewel verlaangt eng ferm Hand fir déi siwen, jo siwen Stufen ze sortéieren. Mä “Rev-Match” liwwert op Wonsch automatesch de richtegen Tëschegas fir alles smooth ze halen. Wat och der Stabilitéit beim sportlechen Zeréckschalten hëlleft. Eng Automatik vermësst een eigentlech net. Well 6,2 Liter nun emol d’Geographie plattwalzen, egal a wat fir engem Gang ee grad ass.

De Chassis ass wierklech gelongen. Steif mä net ze haart, gutt équilibréiert, näischt quitscht oder zwitschert. De Chauffer weess zu jiddfer Moment wou e gripméisseg drun ass. Esouguer d’Steierung kommunizéiert direkt ouni eng elektronesch PR-Agence dotëschent ze schalten. Dat si wichteg vertrauensbildend Mossnamen.

Et gi wuel méi deier Konkurrenten, déi dat alles nach eng Grëtz méi geschlaffe maachen. Mä dat sinn och Autoen, déi eréischt bei kriminelle Vitesse richteg Sensatioune bidden. Bei der Corvette setzt den Entertainmentprogramm scho méi fréi an. Dovunner huet een am Alldag méi wéi vun der leschter Sekonn op engem Circuit. A wann ee genuch gespillt huet, stellt een déi elektronesch Dämpfer vun “Track” op “Tour”. Wat e markante Gewënn u Fiederungsconfort bréngt an den Auspuff op diskret schalt.

Wien ziviliséiert fiert, kann och iwwert de Verbrauch net kloen. Bei 130 am siwenten dréint de Motor knapp 1500 Touren. Manner wéi 10 Liter op 100 sinn esou méiglech. Dat hei ass – bis op d’Ofrullgeräicher vun de Pneuen – e gudde Laangstreckenauto.

Eng Corvette Stingray kascht 72’000 Euro Antrëtt. Konkurrente mat equivalente Fuerleeschtunge si gäre bis zu 30’000 Euro méi deier. Mä et wier falsch, déi nei C7 iwwert de Präis ze definéieren. Si ass ganz einfach eng kohärent Spaassmaschinn. A si muss net giel sinn.

Chevrolet Corvette C7 Stingray (16.10.2014)
D'Corvette ass eng Legend. Elo kënnt d'Nummer 7. Dem Pascal säi Verdict: D'C7 huet hir amerikanesch Tugende behalen, mä krut europäesch Finessen dobäi.