Autotest vum 12. Februar 2015Jeep Renegade

Jeep Renegade: e groussen amerikaneschen Numm mat italienescher Technik. De Pascal Becker wollt wëssen wéi gutt dës Kombinatioun funktionnéiert.

Mir fänken dësen Test mat enger klenger Entschëllegung un. Dir hutt et sécher gemierkt, mä well der Manéieren hutt, hutt Dir näischt gesot. Den Auto ass knaschteg. Dreckeg, net gewäsch... well deen Dag wou mir gefilmt hunn, waren et dobausse minus 5. An all Carwash a ganz Westeuropa war zougefruer.

Mä wann et een Auto gëtt, deem e bësse Bullis-Mascara gutt steet, dann en Jeep! Bon, deen heiten ass ënnert dem Blech e ganz noe Cousin vum neie Fiat 500X. Wien et net weess, géif et ni roden.

Ënnert anerem well den ikoneschen Jeep-Grill-DNA quasi op all Surface declinéiert gëtt, vun de Lüftungsgitter bis bei d’Lautsprecher. A firwat och net? Déi hënnescht Luuchte spillen op Jerrican-Design, déi berühmte Bensinskanister, déi wéi hiren Numm et seet ironescherweis vun den Däitschen erfonnt goufen.

Ech fannen dat gutt. Wann een en Jeep keeft, wëllt een och gesinn, dass een an engem Jeep sëtzt, net an engem anonyme Crossover. Beim éischten, deemools, gouf gelästert, dass esou wéineg dru wier, dass Jeep fir “Just Essential Engineering Parts” géif stoen.

Dat ass ganz laang hir. Eise Renegade hat all moderne Confort an huet och ënnert dem utilitaire Look duerchaus en zolitten Androck gemaach. Mat 4m20 ass e wuel 90cm méi laang wéi d’Original, mä fir heiteg Verhältnisser nach ëmmer zimlech kompakt. Fräie Loftraum gëtt et fëllegen, Knéiraum dogéint ass Verhandungssaach wann de Chauffer Basketprofi ass.

D’Mall ass duerchschnëttlech esouwuel a Gréisst wéi a Variabilitéit. Ech froe mech dacks, firwat ech dat bei all Test soen. Wien regelméisseg Sportgerät, Bernhardiner oder Kleederschief transportéiert, geet scho selwer mam Meter an d’Garage.

Deel vum “American Heritage” sinn déi vill irritant Bingen a Bongen, déi ee permanent warnen, dass een iergendeppes op- oder ugelooss huet. Déi gutt Säit ass e vollwäertegt Ersatzrad mat Alufelge. Mat dësem Jeep bleift een no engem Platten an der Pampa net de Coyoten ausgeliwwert.

Historiker wëssen, dass den numm Jeep vun de Buchstawen G a P kënnt. Déi stoungen an der Arméisnomenclature fir “General Purpose”. En Allzweckvéhikel also. Dat ass de Renegade absolut. Fir Survialfetischisten gëtt et wuel eng Trailhawk-Versioun, déi Offroad esou eescht hëlt, dass keen europäesche Fierschter dat nach witzeg fanne géif.

Dee méi simple 4x4 vun eisem Testauto bitt schonn alles, wat den Normalverbraucher vun der Technik erwaart: Traktioun a Sécherheet bei all Wieder. An ass domatter am Wanter deem nëmme vir gedriwwene Renegade iwwerleeën.

D’Vermësche mat Fiat-Stroossegenen ass iwweregens am Alldag eng gutt Saach. Esou huet de Renegade eng gutt Stroosselag a léisst sech zimlech zackeg ëm den Eck dirigéieren.

Bon, Sport ass anescht a Réckmeldung steet net héich um Menü. Mä den Jeep ass net ze haart gefiedert, a mécht net vill Kaméidi op der Autobunn. 140 Dieselpäerd sinn e gëllene Mëttelwee. A wou den Ur-Jeep mat nëmmen dräi Gäng huet missten auskommen, huet deem heite seng Automatik der néng. Bal esouvill wéi e Vëlo...

Néng Gäng, dat kléngt iwwerdriwwen. Mä et suergt dofir, dass de Motor bei all Vitesse no u sengem optimale Beräich schafft, gutt fir Verbrauch a Beschleunegung. A Wierklechkeet ass et meeschtens mat nëmmen aacht ënnerwee, well den éischte bewosst ultrakuerz iwwersat ass fir méi kniwweleg Offroad-Situatiounen ze meeschteren. Ouni d’Extragewiicht vun engem Redukter.

Wat um Enn bleift, ass e sympathescht Gesiicht an der Mass vun all den anonyme Softroader, déi iwwert eis rullen. De Renegade ass zwar néierens Klassebeschten, mä iwwerraschend homogen. Just net extrabëlleg. D’Präislëscht fänkt wuel bei 21’500 Euro un. Eisen Test-Renegade koum mat Optiounen awer no u 35’000.

JEEP RENEGADE (12.02.2015)
.