Autotest vum 26. Februar 2015LandRover Discovery Sport

Den Nofolger vum LandRover Freelander baséiert um Evoque an heescht Discovery. De Pascal Becker huet dee coole 7-Sëtzer probéiert.

Dësen Auto brauch eng kleng lexikologesch Erklärung. En heescht Discovery Sport, obwuel e mechanesch näischt mam Discovery ze dinn huet. Et ass villméi den Nofolger vum Freelander a baséiert um Evoque. Mä Grand Evoque war wuel marketingstechnesch ongënschteg. Obwuel et dësen Auto perfekt beschreift.
Vum Look hir war dat kee Feeler. Besonnesch mam sougenannte BlackPack ass dat hei dee coolste 7-Sëtzer, dee mir bis elo probéiert hunn.

Hannen an der Mall klappen näämlech zwee Noutsëtzer komplett mat Kappstütz, Cupholder, individueller Belëftung an USB-Lueder aus dem Buedem. Kannerliicht, andeems ee just un enger Schlauf zitt, ouni sech de Réck ze briechen. Praktesch a gutt duerchduecht. Passagéier genéissen am Discovery Sport richteg vill Plaz. Altruisten an der zweeter Rei kënnen de Kanner ganz hanne wäertvolle Bewegungsraum spendéieren, wa se brav sinn.

A propos brav. Do wou een en Evoque banne ka rëschte wéi e brasilianesche Bordell, bleift d’Faarfpalett am Discovery Sport dezent diskret. Ergonomie a Sëtzpositioun si wierklech gutt, alles ass propper a korrekt verschafft.

Den Touchscreen funktionéiert intuitiv, ass awer weder besonnesch grouss nach besonnesch schaarf. Och wat de Qualitéitsandrock vu verschidde Plastiker ugeet, wäert dëse LandRover an Teutonien keng schloflos Nuechte provozéieren.

Beim Fuergefill ass  dat awer net esou sécher. Liicht a flénk beschreift et nach am beschten. Fir e SUV léisst den Discovery Sport sech scho bal indezent schëtzeg bewegen. Stroosselag super, Confort net ëmmer. Eisen Testauto war näämlech e Fashion-Victim. Mir soen et dacks: riseg Felge gesi gutt aus, mä si sinn deier a schlecht fir den Ofrullconfort. Et muss net onbedéngt 19 Zoll sinn, besonnesch wann een heiansdo de Macadam wëllt verloossen. Als richtege LandRover huet och den Discovery Sport do wäit méi Talenter wéi déi meescht vu senger urbane Keefer him zoutrauen. Et wëllt ee jo d’Karosserie net schréipsen. Mä et ass schéin ze wëssen, dass ee kinnt, wann ee willt.

E Redukter gëtt et iwweregens net. Offroad-Artisten sollten dofir vläicht d’9-Gang-Automatik op der Optiounslëscht ukräizen, fir déi ganz lues Passagen.
Soss schwätzt awer näischt géint e manuellen Discovery. Déi sechs Gäng loossen sech liicht sortéieren. An Zäite wou ëmmer méi Constructeuren hir Gefierer intergalaktesch laang iwwersetzen fir en halwe Gramm CO2 ze spueren, huet LandRover erfreelecherweis dorobber verzicht. D’Gäng sinn ofgestuft fir dat bescht aus dem Motor ze huelen. Esou soll dat sinn!

Mat 190 Päerd hat den 2.2 Turbodiesel vum Testauto genuch Hoer op der Broscht fir den Discovery standesgeméiss virunzedreiwen. Allerdéngt baut Jaguar/LandRover vum Juli un fir dësen Auto e fonkelneien 2.0 Turbodiesel, dee versprécht nach besser ze goen a manner ze verbrauchen. Vläicht lount et sech also mat enger Commande e puer Méint ze waarden.

Objektiv geet den aktuelle Motor awer gutt genuch, den Discovery Sport ass och roueg op der Autobunn. En exzellenten Reesauto, just kee ganz bëllegen. Sécher, d’Präislëscht geet scho bei 31’800 Euro un, mä eisen Testauto war bei 54’500 an hat d’Optiounsméiglechkeeten nach net alleguer ausgenotzt.

LandRover Discovery Sport (26.02.2015)
Den Nofolger vum LandRover Freelander baséiert um Evoque an heescht Discovery. De Pascal Becker huet dee coole 7-Sëtzer probéiert.