Autotest vum 12. Mäerz 2015Kia Soul

De Kia Soul geet ästhetesch säin eegene Wee. Mä wat huet de Koreaner nach drop, ausser dass en opfält? De Pascal Becker huet et getest.

Dat hei ass en historescht Bild. Deen definitiv absolut leschten normalen Auto, deen am Aldringen geparkt huet. Obwuel, wat heescht hei schonn normal? Ästhetesch geet de Soul säin eegene Wee. An am langweilegen Eenheetsbräi vun all den SUV-Crossoveren mat Pseudo-Offroad-Machismo ass dat eng gutt Saach. Funky!

Dem Soul seng Form bréngt e puer handfest Virdeeler. Liicht eraklammen. Gutt Sëtzpositioun, obwuel d’Steierrad sech net an der Déift réckele léisst. A fir e kompakten Auto genuch Beweegungsraum fir d’Passagéier. Gewéinlech teste mir dat esou: Chaufferssëtz op mech astellen. An da kucke wéivill Plaz nach hannendru bleift. Äntwert: méi wéi genuch.

Ënnert dem Soul senker vertikaler Heckklapp stécht eng Mall mat zwee Kelleren. Am éischten ass Plaz fir Kreemchen wéi Dräieck a Rettungswest, am leschte Sous-Sol waart en Noutrad op den Asaz, deen hoffentlech ni kënnt.

Mä esouguer siwe Joer Garantie schützen net viru Platten. Si berouegen awer de Keefer. Zäiten, wou mir iwwert d’Koreaner geschmunzelt hunn, si laang eriwwer. De Soul ass propper verschafft a mécht en zolitten Androck. Et ginn Europäer, déi e gutt Stéck méi cheap ausgesinn.

Den Testauto hat mat groussem Navi, automatescher Klimaanlag an engem gudde Radio déi Optiounen, déi déi meescht Leit bestellen. Wien allerdéngs no fortschrëttlecher Connectivitéit a sophistikéierten Assistenzsystemer sicht, ass hei um falschen Dampfer.

De Soul huet natierlech ESP. Mä am normale Betrib gëtt d’Elektronik seelen aus dem Schlof erwächt. Stroosselag a Grip si gutt. Woubäi ee beim Thema Grip emol méi betoune muss, dass grouss Felgen fir de Fiederungsconfort kontraproduktiv sinn. Eisen Test-Soul war mat 17 Zoll ferme, mä OK. Déi optional 18-Zoll sollt ee probéieren éier ee bestellt.

Et kann een hei d’Assistenz vun der Steierung variéieren. Sport ass méi ferme, normal nach ëmmer gutt. De Soul bitt genuch Pepp a Réckmeldung fir dass p verwénkelte Strecken duerchaus Spaass opkënnt.

An et ass eng gutt Saach, dass déi sechs Gäng sech liicht schalte loossen. Mir si mat eisen Tester vläicht Dréimoment-verwinnte Schwäin, mä ech hunn den Androck, dass déi 128 Dieselpäerd, déi de Soul um Pabeier versprécht, net déi allerkräeftegst sinn. Gefillt géif ech se sou op 115 schätzen, wat absolut duergeet fir de Soul ëmmer nach agréabel ze motoriséieren.

Präislech fänkt de Soul bei 18’000 Euro un. Eisen Testauto hat fir 22’400 Euro eigentlech alles wat ee brauch. Et muss net onbedéngt d’Topvariant mam ganze Bling sinn. Well siwe Joer Garantie hunn se alleguer.

Kia Soul (12.03.2015)
De Kia Soul geet ästhetesch säin eegene Wee. Mä wat huet de Koreaner nach drop, ausser dass en opfält? De Pascal Becker huet et getest.