Autotest vum 26. Mäerz 2015smart fortwo

Wann een en Auto an der drëtter Generatioun test, da mierkt een, dass een al gëtt. De Pascal Becker probéiert den neien smart fortwo.

De smart fortwo war ëmmer e Gefier dat direkt dat klengt Kand am Mann erwächt huet: kleng, sympathesch, witzeg. Kleng war och scho beim Virgänger net mat enk ze verwiesselen, deen Neien huet zéng Zentimeter an der Breet zougeluecht a si stinn ëm gutt.

Mercedes hat iergendwéini d’Flemm mat smart aleng Geld ze verléieren. Dohir elo eng Collaboratioun mat Renault. Den heiten ass esou eppes wéi en ofgeseete Renault Twingo, behält awer d’smart-DNA wéi Plastikskarosseriedeeler, déi liicht ze wiessele sinn.

Den Intérieur ass definitiv funky, besonnesch wann en duerch d’Optiounsvariant “passion” gepimpt gouf. Wien ronn 2’500 Euro fir Extraen fënnt, huet dann esou zimlech alles wat e brauch. Leit, déi hiren XL-Smartphone als Navi benotze wëllen, wäerten allerdéngs iwwert déi ze kleng universell Halterung fluchen.

Soss sëtzt ee gutt, mat genuch Plaz. Just dem Chauffer säi lénkst Been muss Kompromësser maachen. Déi intrusiv Radkëscht kenne mir aus dem Twingo, d’Kupplungspedal ass allerdéngs fir smart eng Première. Méi dozou méi spéit. Fir d’éischt nach en Ëmwee duerch d’Mall.

Op 2m70 gëtt et natierlech keng Wonner. Mä de smart huet clever Detailer wéi eng zweegedeelt Heckklapp fir déi enk Parkplazen. A well een de Réck vum Passagéiersëtz komplett no vir klappe kann, passen esouguer relativ laang Stécker an dëse kuerzen Auto.

Dëse smart muss déi Autoë mat deene komesche bloe Luuchten elo och op der Autobunn fäerten. Eréischt kuerz virun 160 dréit d’Elektronik de Krunn zou. Mat 90 Päerd sinn esouguer nach méi dran. An hei ass de Risefortschrëtt: den neie fortwo ass do absolut à l’aise. Vill méi stabel a confortabel wéi de Virgänger, relativ roueg bei héiche Vitessen. Absolut laangstreckentauglech.

Den dréimomentstaarken 900 Kubik Dräi-Zylinder-Turbo dréit zu deem Erwuessene Feeling bäi, kippt dofir awer gären dat eent oder anert Gliesche Bläifräi. Sechs Liter Moyenne sinn nach esou just OK.

De Wendekrees ass nach emol méi kuerz wéi beim Virgänger: phänomenal siwe Meter. A mat der serieméisseger Servo geet dat mam klenge Fanger. Et muss ee scho selwer domat fueren fir ze mierken wéivill Stress déi Maniabilitéit engem am Alldag spuert.

Nodeeler? Nach ëmmer haart op kuerze Wellen. An en ESP, dee méi äerzkonservativ ass wéi Fox News. Domat kann ee liewen.

An dat bréngt mech bei de Präis. Et fänkt bei 9’600 Euro un, bal 15’000 Euro fir den Testauto. Dat ass net cheap, mä en Auto ass keng Zoossiss wou manner méi bëlleg ass. Kuerz ass eng Qualitéit, net nëmmen eng Beschreiwung.

Smart For Two (26.03.2015)
Autotest vum 26. Mäerz 2015