Autotest vum 9. Abrëll 2015Hyundai i20 & Opel Corsa

De Pascal Becker an de Serge Pauly testen zwee kleng Autoen: de Hyundai i20 an den Opel Corsa. Allebéid schnéiwäiss an awer am Detail ganz verschidden.

Fortschrëtt ass eng fein Saach. Nach ni war en Opel Corsa esou grouss wéi haut, nach ni hat Hyundai mam i20 esou en ausgefeilte Kandidat an der Kompaktklass. Am uniforme wäschmaschinnewäiss wëllen si méi sinn wéi einfach Transportgeräter fir de méi klenge Portemonni. Obwuel kleng och an dësem Fall relativ ze gesinn ass. Béid Testautoen leien ëm 20’000 Euro.

Et geet natierlech och scho fir manner. D’Präislëschte fänke béidersäits esou ëm 13’000 Euro un. Mä méi staark Motoren an agréabel Optioune summéieren sech séier. Et ginn allerdéngs Saachen, déi ee beim Corsa weder fir Geld nach gutt Wieder kritt.

Geheitzte Sëtzer a Steierrad. Oder elektresch Fënsteren hannen zum Beispill. Och wann dat elo net liewenswichteg ass. Zu de gudde Säite vum Opel gehéiert awer eng Finitiounsqualitéit, déi e kloere Schrëtt no vir gemaach huet. An en Tableaudesign, dee sech e bësse Méi gëtt, och funky auszegesinn.

Am direkte Verglach spillt den i20 de Streber. Besser équipéiert, zolitt verschafft, 5 Joer Garantie... mä manner Fantasie. Den Hyundai ass wuel sober, mä en huet déi besser Sëtzer an dat bessert Raumgefill. A wierkt grad esou nobel wéi den Opel.

Allerdéngs muss een hei dem Bordcomputer an dem Radio d’Flammännescht separat ausdreiwen, déi zwee kommunizéieren net mateneen. Dem Corsa säin Touchscreen gesäit op den éischte Bléck wuel méi modern a méi praktesch aus, mä ass och net perfekt. Well fir eppes dovun ze hunn, muss een sech Appen op säi Smartphone eroflueden. An dee Choix ass zimlech begrenzt. Populär Navigatiounsappen wéi TomTom an Navigon funktionéieren net mam Opel-System.

Mam Volumen vun de Mallen gëtt dëse Krich och net entscheed. Keng ass iwwerduerchschnëttlech kleng oder anormal grouss, d’Variabilitéit ass plus-minus identesch, esouguer d’Panneléisunge schenken sech näischt. Keen Ersatzrad – Dichtmëttel a Kompressor iwwerall. Dee vum Corsa ass fest agebaut: méi opgeraumt, manner flexibel.

Am Verglach mam Corsa huet den i20 dee méi laange Radstand. Dohir dat bessert Raumgefill. Mat der Aschränkung, dass säi Chauffer zu jidder Moment dem Passagéier hannendru seng Féiss ka platt drécken. Reest net mam Serge!

Den dynameschen Deel vun eisem Duebeltest fänke mir mat enger gudder Portioun Luef un – fir déi zwee! Confort, Geräich a Fuerleeschtunge sinn haut op engem Stand ukomm, dee viru kuerzem nach der gehuewener Mëttelklass reservéiert war. Dat hei si Vollwäert-Autoen.

Mä et ginn Ënnerscheeder. Fir d’éischt emol ënnert dem Capot. Eisen Test-Corsa hat e fonkelneien Dräizylinder-Turbobensinner. E leeft iwwerraschend kultivéiert an huet richteg Muskelen. 115 Päerd a vill Dréimoment ënnen erëm. E klenge Spaassmotor. Just, an dat ass eng bekannte Leier: net esou spuersam wéi de Prospekt versprécht. Tëscht 6½ a 7 Liter sinn akzeptabel. Ëmmerhin ass dëse Corsa méi staark wéi den Original-Golf-GTI an e weit bal 300 Kilo méi – ouni de Chauffer.

De 1400er Diesel am i20 ass mat 90 Päerd wuel méi schwaach, mä och kloer méi spuersam, op d’mannst ee Liter op 100. Bei héichen Autobunnsvitesse gëtt d’Differenz nach méi grouss. Absolut gesinn, gëtt de Hyundai mat 5½ Liter eens. Net schlecht. Mä domat loossen sech anerwäerts och méi wéi 90 Päerd fidderen. D’Rechnung op Leeschtung ze verzichten fir Sprit ze spueren geet normalerweis net op. Well Gewiicht a Widderstand sinn déi wesentlech Faktoren. A wa Motore sech mussen ustrengen fir déi z’iwwerwannen ass de Pabeiervirdeel fleeten. Et gi keng Wonner...

Genuch relativéiert. D’Spaasswäertung geet un de Corsa. An net nëmme wéinst dem peppege Motor. Hien huet eng flott Stroosselaach, richteg flénk. Och den i20 läit gutt. Déi zweete Plaz erkläert sech duerch eng kleng Kommunikatiounsschwächt. Well obwuel Hyundai seng elektresch Servorënnerstetzung mat geschwollenem Jargon ëmschreift, passt d’Wuert “synthetesch” nach am beschten. D’Réckmeldung ass eosu synthetesch wéi engem Politiker säi Laachen. Ironescherweis gëtt se besser wann een e puer Briquetten bäileet. Wat allerdéngs eng deier Excuse fir e Protokoll kinnt sinn.

Eis Conclusioun: mat kengem vu béide mécht een eppes falsch. Wéi een dee besseren ass, hänkt dovunner of, fir wat een se brauch. De Hyundai i20 ass dee méi erwuessenen, geräimege Kompaktwon. De Corsa mécht méi Spaass beim Fueren.

Hyundai i20 & Opel Corsa (09.04.2015)
De Pascal Becker an de Serge Pauly testen zwee kleng Autoen: de Hyundai i20 an den Opel Corsa. Allebéid schnéiwäiss an awer am Detail ganz verschidden.