Autotest vum 23. Abrëll 2015Mercedes-AMG GT

Dësen Auto huet alles fir e Klassiker ze ginn. De Pascal Becker probéiert de Mercedes-AMG GT a beäntwert natierlech déi obligat Fro: besser wéi den 911?

Dat hei ass en exzeptionellen Auto. E Mercedes, dee bei quasi-identesche Fuerleeschtungen nëmmen hallef esou deier ass, wéi säi Virgänger. Den AMG GT trëtt d’Ierfschaft vun SLS an SL un, ouni déi ikonesch Päiperleksdieren. Ze schwéier, ze deier, ze onpraktesch.

Et ass e Verloscht, deen net wéi deet. Well den Intérieur déi typesch SLS-Atmosphär behalen huet. Mat zwou déiwe Sëtznischen an engem Design, dee sech ganz agréabel vun der steriller Grousssérie ofsetzt. Et ass ee vun de raren Intérieure wou rout net iwwerdriwwen erschéngt... och wann den AMG-Wopen vläicht e bëssen zevill ass.

Wien mat enger normaler C-Klass eens gëtt, wäert hei kee Rätsel fannen. Just d’Erausfuederung säi perséinleche Setup vu Steierung, Fiederung a Gaspedal ze definéieren. Fir Leit, déi tëscht Confort, Sport, Sportplus a Race nach ëmmer net zefridde sinn.

Stéchwuert Zefriddenheet. Den SLS hat 2.2 Liter a 60 Päerd méi. Et kann een traueren. Mä véier Liter, aacht Zylinder an zwee Turboe sinn e méi wéi akzeptabelen Downsizing. Besonnesch wa se weiderhi kléngen wéi Artilleriefeier. Fir Leit, déi spéit heem kommen, gëtt et och eng méi diskret Astellung. A Plaz fir zwee Sätz Golf-Schléier. Den AMG GT ass deen ideale Coupé fir de Weekend zu zwee.

Wéi schonn den SLS ass och dem AMG GT e breeden Auto. Zwanzeg Zentimeter méi wéi en 911. Dat mierkt een. Haaptsächlech bei enke Schlasspaarten. Well eemol ënnerwee ass dësen Auto e gutt Stéck méi handlech wéi säi Virgänger. A méi guttmiddeg. Esoulaang een de Knäppchen op “C” wéi Confort léisst, ass dat hei en akzeptabele GranTurismo, wann och mat enger zimlech fermer Grondastellung. Mä doudsécher polyvalent.

Wien de Béischt wëllt erwächen, schalt op Sportplus a sortéiert déi siwe Gäng am beschte manuell. Ee Basis-GT huet 462 Päerd, 58 manner wéi eise GTS. Iwwerfloss ass schéin. Ob 3,8 oder 4 Sekonne vun 0 op 100 respektiv 304 oder 310 Spëtzt sinn awer eigentlech irrelevant Diskussiounen.

Wat zielt ass déi explosiv Liichtegkeet an d’Klangkuliss mat där de rietse Fouss ee vu Kéier zu Kéier katapultéiert. Dëse Mercedes gäizt net mat Sensatiounen an Emotiounen. Dat, méi wéi de renge Chrono, ass de Grond firwat een esou en Auto keeft.

Am Ufank sinn ech mat Réckmeldung an Handling esou esou komplett waarm ginn. Superdirekt wuel, mä eppes huet gefeelt. Temperatur! D’Michelin Pilot Supersport hu weder ka nach naass Stroosse besonnesch gären. Et scannt een d’Stross ongewollt no onkontinenten Seechomessen. Wann se awer emol gutt waarm sinn, op dreschenem Goudron sinn se e Grip-Gedicht an d’Balance vum Auto e Genoss. Perfekt fir de Circuit, an net esou gutt fir de Führerschäin. Fir se an deen optimale Beräich ze kréien, kinnt et heiansdo néideg sinn, de legale Geschwindigkeetskader kreativ z’interpretéieren. Am Alldag hätt ee menger Meenung méi méi dacks vu manner extreme Gummi.

Mä bon, wien 157’000 Euro vum Testauto mobiliséiert, huet héchstwahrscheinlech e Fuerpark mat adaptéiertem Gerät fir schlecht Wieder. A ka via Dynamikplus-Optioun a Keramikbremsen de GTS nach wieder a Richtung Rennsport dreiwen.

Fir déi ass de Verbrauch och zweetrangeg. 13 Liter fir Alldagspazifisten, eng 20 virum Komma fir Unhänger vum Auspuff-HeavyMetal.

Déi Fro, déi zum Schluss natierlech muss kommen: ass dëse Mercedes besser wéi e Porsche 911. Jo an Neen. EN 911 ass manner extrovertéiert, mä ëmmer nach dat méi präzist Instrument. Den AMG GT dogéint ass e groussaartegen Entertainer, mat vill Dréimoment, liicht accessibele formidabele Fuerleeschtungen. An dem beschte Klang!

Mercedes-AMG GT (23.04.2015)
.