Autotest vum 7. Mee 2015Lexus RC-F

Den "F" mécht bei Lexus aus engem normalen Auto eng High-Performance-Maschinn. De Pascal huet de Sportcoupé RC-F getest an hat dobäi duerchaus säi Spaass.

Mir wëssen net, op et douewen am Weltall intelligent Liewe gëtt. Mä wann d’Klingonen e Sportcoupé géifen zeechnen, kinnt en e bësse wéi de Lexus RCF ausgesinn. Ganz wäit ewech vum glat gelutschte Mainstream. Net fir jidderee wuel, mä en eegestännege Charakter.

Mir Europäer leide bei Lexus nach ëmmer nach e bëssen ënnert Snobismus. Um amerikanesche Marché, fir deen d’Luxusmark vun Toyota erfonnt gouf, steet Lexus op Aenhéicht mat der däitscher Crème de la Crème.

Vläicht och well d’Serienéquipement eng generéis All-Inclusive-Mentalitéit vertrëtt, do wou anerer gäre mat Optioune gäizen. D’Schuelesëtzer si superb, geheizt a belëft. Si leien zimlech eng un, moossgeschneidert eben, wéi de Rescht vum Cockpit. Den R an RCF steet net fir Raumverschwendung.

Hanne passen zwee wierlooss Kanner op d’Réckbänk. Mä et sollt ee bedenken, dass Kanner nodroend sinn. A wann een duerno am Altersheem op si ugewisen ass, kinnten si een drun erënneren, dass een se deemools hannen an en RCF agespaart huet. Mä bon, wien Wäert op vill Plaz keeft, keeft kee Coupé. E Bikini schützt och net virun Nippel-Frascht.

Mä en huet aner Reizer. Hei sinn et déi perfekt Finitioun an Instrumenter, déi un den LFA erënneren. Navi an Infotainment-Grafik sinn allerdéngs net top. Mam Touchpad gëtt ee wuel eens am Stoen. Iwwert dem Fueren awer sinn aner Systemer iwwerleeën.

Eng Bonne Note gëtt et dann erëm fir eng Mall an déi genuch fir den Alldag erapasst. Esou gesinn ass dat heiten e prakteschen Exot.

De Bonbon ass natierlech ënnert dem Capot. E 5.0 V8 mat 477 Päerd. Ouni Turbo. Ouni optionell Keramikbremsen. Ouni Filter.

Wien dësen Auto a senger Default-Positioun “D” beweegt, erlieft fir d’éischt emol e confortabele Luxuscoupé, dee Kilometer relax frësst. E Flex vum rietse Fouss erwächt heiansdo d’Déier, dat ënnert dem Capot schléift. Bei 4’000 Toure gëtt de V8 richteg schéi sonor, op d’mannst bannendran. No bausse bleift de Lexus trotz véier Auspuffe zimlech diskret. Wat keen Nodeel ass.

D’Eco-Positioun sollt een als wuelgemengte Witz verstoen. Wien ënnert 11 Liter kënnt, ass zeideg fir d’Klouschter. 14 si realistesch a wann een wéi mir an investigativer Missioun ënnerwee ass, kinnten och emol 19 Liter fälleg sinn. Schold ass de V8. Kraaft aus dem Keller ass trotz 5’000 Kubik net seng Spezialitéit. D’Cavalerie kënnt richteg vu 4’000 Touren un a well en dobäi esou schéi séngt, huet een dacks d’Tendenz en dréinen ze loossen. Wat den Tank mat Loft fëllt.

Vläicht war et och, well mir eis méi intensiv mam Entertainment-Programm beschäftegt hunn. Wien 4’140 Euro an en Torque Vectorial Control, e gesteiert Sperrdifferential, intestéiert, mierkt, dass den RCF eng guttmiddeg Driftmaschinn ka sinn, déi dem Chauffer vill Spass bereet.

Allerdéngs ass dësen Auto e bëssen wéi ech. Staark a gutt gebaut wuel, mä definitiv ze fett fir richtege Sport. Iwwert 1,8 Tonne sinn net näischt. Et spiert een se beim Beschleunegen, beim Bremsen, beim Richtungswiessel ... Mä dat ass net d’Enn vun der Geschicht. En Auto, deen a 4½ Sekonn op 100 ass a bei 270 agebremst muss ginn, ass sécher net lues.

Mir Journaliste vergläiche gären. En Nissan GTR ass fir ähnlecht Geld méi rapid, mä vill méi rau. Eng Corvette kennt besser vun ënnen. Mercedes, Audi a BMW si wuel méi séier um Ring. Wat alles fuerchtbar wichteg kléngt.

Mä d’Liewen ass méi wéi Chrono a Circuit. An do mécht den RCF sengem Chauffer vill Spaass am Alldag, well en handlech, präzis a guttmiddeg ass. Ouni de Confort ze vergiessen. À propos vergiessen. Wien sportlech ënnerwee wëllt sinn, sortéiert d’Gäng am beschte manuell. D’Automatik gëtt do iwwerdriwwen hektesch. Mä dat ass en Detail. Fir 83’000 Euro bitt Lexus hei ganz einfach säin eegene Mix, anescht ofgeschmaacht wéi d’Konkurrenz. An duerchaus gelongen.

Et ass wéi bei deieren Aueren. Eng Rolex mécht och net méi Freed, well se méi séier tickt wéi eng Breitling.

Lexus RC-F (07.05.2015)
.