Autotest vum 21. Mee 2015BMW i8

D'Zukunft ass haut! De BMW i8 ass en Design-Konschtwierk an en Technologie-Wonner. De Pascal Becker huet de futuristesche Superwon probéiert.

Nee, Dir sidd net virun Ärer Tëlee ageschnaarcht an eréischt 2025 erwächt. Mir sinn nach ëmmer 2015 an de BMW i8 steet schonn am Buttek. Eisen éischte Kontakt war virun e puer Joer zu Frankfurt op der IAA. “Coole Konzept”, hunn ech mir deemools geduecht, “mä si trauen sech sécher net deen esou ze bauen..” Anscheinend dach!

Den i8 trëtt u fir ze beweisen, dass e spuersamen Hybrid éischtens ka Gléckshormoner am Gehir vu sengem Pilot ausschëdden, an dass zweetens dräi kleng Zylinder an eng déck Batterie duerginn fir engem Porsche 911 um Parechoc ze pechen. Op d’mannt iwwert e puer Kilometer. Méi dozou méi spéit.

Karbonfaser heescht d’Zaubersubstanz déi Stäerkt a Liichtekgeet kombinéiert. Dem i8 seng Chassiszell ass aus deem schwaarze Stoff, deen ni rascht. Mä anscheinend och net bëlleg ze verschaffen ass.

Exotesch Klappdiere maachen den i8 schonn am Stand 200 km/h séier. Gesäit super aus. Mö praktesch ass dat just fir Capoeira-Dänzer. Eeler, steif a wuelgenierte Chauffere sollen déi néideg Choreographie fir d’éischt an der Diskretioun vun hirer Garage üben fir sech bei der Publikumspremière net ze blaméieren. D’Kombinatioun vu Rittberger, Doppellutz an eng Rull hannerzech wëll geléiert sinn.

Mä wat mécht een net alles fir an e Raumschëff ze klammen. D’Ambiance ass futuristesch mat vill bloen Highlights mä soss fir e BMW-Fuerer direkt intuitiv vertraut. Et sëtzt een och wierklech gutt, mat engem agréable Raumgefill. E Radarschirm taascht d’Manöverzone no feindlechen Objeten of, Parken ass trotz mëttelprächteger Iwwersiichtlechkeet awer e Kannerspill.

E Schutzschellt gëtt et zwar net, mä ëmmerhin zwou Photonekanounen. Den i8 kritt een näämlech op Wonsch mat Laserluuchten. Si entfalen eréischt vu 70 km/h un hir voll Stäerkt, duebel esou hell wéi Xenon oder LED. A liichten d’Strooss iwwer 500 Meter wäit aus. Funktionéiert super, mä ronn 9’000 Euro, déi des Optioun kascht, kinnt de Laser wéinstens de Muertentrëppler virdrun ewech schmëlzen. Oder op d’mannst Radare perturbéieren.

Déi Zukunft an déi dësen Auto eis féiert, muss op d’mannst eng primitiv Form vu Gepäckbeamer erfonnt hunn, Well den i8 huet eng absolut Mini-Mall. Wien reese wëllt, muss säi Kreemchen op d’Noutsëtzer tesselen. Kleng Mënsche kënnen do och e puer Kilometer iwwerliewen. Ech hunn dat d’lescht Woch mat menger Fra getest. Alles OK. Zënter gëschter schwätzt si erëm mat mir.

Beim Packeging vum i8 haten d’Ingenieuren aner Suergen. Een 231-Päerd-Bensinner an der Mëtt, en 130-Päerd-Elektromotor vir. Plus genuch Batterien fir 30 Kilometer elektresch uze fueren. Dat alles am automobilen Equivalent vun engem Batman-Kostüm.

Wéi fiert sech den i8? Dat schéngt eng ganz einfach Fro. An d’Kuerzäntwert dorop ass “super”. Mä dohanner verstoppen sech iwwerraschend multidimensional Realitéiten. A fir déi all z’exploréieren fänkt een am beschte mat enger voller Batterie un, déi een an dräi Stonnen un all Steckdous ka lueden.

Dësen Auto huet méi Menüoptioune wéi den Duerchschnëtts-Chines. Confort, Eco-Pro, Sport, Traktioun, reng elektresch. A wat se alleguer maachen, ass d’Energie vum Elektro- a Verbrennungsmotor a verschidde Proportioune mixen fir entweder maximal Fuerleeschtungen oder minimal Verbrauch ze erreechen.

Den i8 ka reng elektresch fueren. Mat maximal 120. Wien et méi gemittlech uvolte léisst, kënnt realistesch ronn 25 Kilometer iert e Benzin brauch. Ideal fir Stad a Kuerzstreck. Sport erlaabt déi v oll Systemleeschtung. Also 362 kombinéiert Päerd ënnert dem rietse Fouss. An deementspriechend geet et virun. 100 flitt a 4.4 Sekonne laanscht, 250 si séier erreecht. An do soll Schluss sinn, obwuel d’Elektronik e puer Kilometer méi toleréiert.

WOW! Den Elektroundriff liwwert Instant-Dréimoment an am Sportmodus grommelt a päift de klenge 1500er Turbo wéi wann e gefillt dräi Zylinder an 2’000 Kubik méi hätt. Wéi dat sech fir Science-Fiction-Auto passt, ass de Sound natierlech gréisstendeels Spezialeffekt, e kënnt zum Deel aus der Stereoanlag.

Wie seng Bläisandalen undeet, stellt awer fest, dass d’Temperament e bëssen noléisst, wann een d’Batterie bis eidel gesuckelt huet a si tëscht Beschleunigungsorgien muss récupéréieren. E Circuitsauto ass den i8 net. An och keen 2-Liter-op-100-Auto wéi d’Pub versprécht.

Dofir awer e ganz confortabel an iwwerraschend spuersamen Tourer. No 1½ Stonn an engem Stau krauchen ech nach ënnert sechs Liter. Mat siwe Moyenne ass ee gutt ënnerwee, mat zéng Liter huet de Führerschäin sech aus Angscht an der Händchekëscht verkroch.

Grip a Stroosselag operéieren trotz relativ schmuele Pneuen op héijem Niveau. Mä Querdynamik ass net den Haaptpunkt. Et ass d’Komplexitéit vum Ganzen.

Als Chauffer kann een nëmme beandrockt an intellektuell faszinéiert si vun dësem Auto. Wann et allerdéngs ëm déi pur Réckmeldung geet, do stellt ee fest, dass dem Chauffer seng Décisiounen ëmmer vun engem elektronesche Verwaltungsrot mussen ofgeseent ginn. Eng Drëps Synthetik ass schonn am Ëmgang mam i8. Awer net genuch fir de Spaass ze verdierwen. Et dréit esouguer e bëssen zum futuristesche Gefill bäi. Wann dat hei d’Zukunftsrichtung vum ëmweltbewosste Sportswon ass, da kënne mir eis freeën. Un Detailer wéi mikroskopesch kleng Mall a klengen 30-Liter-Tank kann ee sech wuel winnen.

Bleift, wéi esou dacks de Präis. Ab 136’000 Euro. 157’000 Euro fir den Testauto. Do kléngt e Porsche 911 fir eng Kéier präiswäert. Mä och e bëssen almoudesch. Zukunft wéi se soen, gëtt engem eben net geschenkt

BMW i8 (21.05.2015)
D'Zukunft ass haut! De BMW i8 ass en Design-Konschtwierk an en Technologie-Wonner. De Pascal Becker huet de futuristesche Superwon probéiert.
.