Autotest vum 3. Juni 2015Ford Mustang

Bis elo konnt een de Ford Mustang nëmmen als US-Import bestellen. Déi nei Generatioun gëtt elo och offiziell an Europa verkaaft. En Test vum Pascal Becker.

Et war e bësse wéi e Kamellebuttek um Münchener Flughafen. Si stoungen an der Rei, faarweg, mat oder ouni Daach. Eemol an der Lightversioun mat 4-Zylinder-Turbo an ëmmerhin nach 317 Päerd. An eemol voll fett V8 a 420 Ponyen. Ärer Meenung no? Richteg! E Mustang päift op Cholesterol. 5 Liter wann ech glifft, Coupé, rout, handgeschalt. A go!

Fir en Auto aus dem Land vun de begrenzte Geschwindegkeeten, ass deen neie Mustang iwwerraschend à l’aise bei däitschen Autobunnsvitessen. Eng kleng Fënster erlaabt kuerz 230. Absolut stabel. Dofir gëtt et ee gudde Grond. No 50 starre Joeren ass dem Mustang seng hënnescht Achs endlech am 21. Jorhonnert ukomm. An déi nei Constructioun iwwerzeegt.

Wéi iwweregens de Recht vum Auto. Et ass net einfach bei engem ikonesche Modell de richtegen Dosage tëscht Modernisatioun, Homage a Karrikatur ze fannen. Et ginn do däischter Säiten an der Mustangsgeschicht. Dat hei ass gelongene Botox. Zum engem well den neie Modell designméisseg op eegene Féiss steet an einfach gutt ausgesäit. An trotzdem mat genuch Referenze spillt fir Freake stonnelaang ze beschäftegen. Bausse wéi bannen.

Ford huet bei dësem Auto guer net probéiert op Fake-Premium ze spillen, an dat ass eng gutt Saach. De Plastik ass net deen deiersten, mä och net dee bëllegsten, dat wat do ass, ass gutt verschafft a mécht och e relativ zolitten Androck. D’Recaro-Schuelesëtzer sinn eng Optioun, a si si gutt. Den Navi ass dann deen zweete Poste fir deen een extra muss an d’Täsch gräifen. An dat wier et schonn.

De Mustang ass e rengen 2+2, mat enger grousse Mall, déi sech no bannen erweidere léisst. Hanne passe souwisou nëmme kleng Kanner eran.

A propos Kanner... De Chauffer huet hei eng Partie Spillgezei. Sënnvoll Astellméiglechkeete fir Steierung a  Fiederung, an da méi iwwerflësseg Saachen. Esouguer eng Launchcontrol oder e Line-Lock gëtt et an de Menuen. Dat ass eppes, wat et erlaabt deiere Gummi a wäissen Damp ze verwandelen. Praktesch, wann een e Poopst muss wielen...

Dragster-Potenz haten déi meescht V8-Mustangen an der Vergaangenheet och. Deen heite knackt 100 ënnert fënnef Sekonnen. An duerno gëtt et europäesch. Brembo-Bremse bremse staark, an a Kéiere kënnt den Aha-Effekt. Dësen Ami läit richteg gutt. Et spiert een zwar e bëssen d’Gewiicth vum décke Motor beim alenke, mä dat hei ass en handleche GT, deen op d’mannst op drëschene Stroosse vill Vertraue schenkt. We like!

D’Amerikaner hunn e Wuert, wat de Charakter vun dësem Mustang perfekt beschreift: meaty. Wat iwwersat “fleescheg-fest” bedeit. D’Commande si ferm, ouni Spill. Dat passt.

Gewéinlech gëtt et jo keng Automobil Zopp, an där mir kee Grapp voll Hoer géife fannen. A vläicht fannt Dir, dass mir et iwwerraschend gutt menge mat dësem Auto. Dat ass well Iech eng wesentlech Informatioun feelt: de Präis!

E Mustang GT kritt ee fir 39’800€. 42’000€ mat all den néidegen Optiounen. Fir e 5.0 V8 mat 420 Päerd. Dee sportlech, confortabel a laangstreckentauglech ass. Esouguer de Verbrauch ass net schrecklech. Wien sech niddertoureg a gemittlech vum V8 duerch d’Géigend masséiere léisst, kann ënnert 10 Liter kommen. Leit, déi mam rietse Fouss permanent de Soundtrack vu “Bullit” nospillen, kënnen awer och bal dat duebelt verbrennen. A béide Fäll ass den Tank ze kleng geroden. Well den normalen Alldag läit tëschent 12 a 14.

Fir eng Spaassmaschinn mat nach erschwenglechem Akafspräis ass dat absolut OK. 2’200 europäesch Clienten hu schonn ee bestallt. A fir dësen Tester, deem SUVen, Crossoveren an Downsizing-Motoren esou lues zum Hals eraushänken, war et wéi eng erfrëschend Prise CO2.

Ford Mustang (04.06.2015)
Bis elo konnt een de Ford Mustang nëmmen als US-Import bestellen. Déi nei Generatioun gëtt elo och offiziell an Europa verkaaft.