Autotest vum 18. Juni 2015Renault Espace

De Renault Espace war e Van-Klassiker. Elo maachen d'Fransousen alles nei. De Pascal Becker wollt wëssen, op den neien Espace esou och besser gëtt.

Wéi 1984 den éischte Renault Espace d’Stroosseliicht gesinn huet, war et e Pionéier. E Van am TGV-Look mat de Fuerleeschtunge vun engem Kombi, individuell Sëtzer hannen, Plastikskarosserie... Eng Revolutioun. Deemools.

Hei steet elo d’Generatioun 5. No wat se ausgesäit, ass schwéier ze soen. Net méi no TGV. Net onbedéngt ellen. Just hei ass et net méi d’Funktioun déi d’Form bestëmmt huet, mä de Marketing. Crossover-SUV an héicht Gedeessems ass haut in, de Monospace out. Och wann e méi praktesch war.

Out ass glécklecherweis och déi éischter approximativ Finitioun an den onfrëndlechen Haartplastik. Gediegen ass e Wuert, wat op den neien Espace passt. Materialqualitéit huet e Quantesprong no vir gemaach.

Hei an der Top-Finitioun Initiale huet een... alles! Ausser eng Mikrowell an Expressomaschinn. An dann nach. Ech hu vläicht eng Säit am Menü iwwersinn. Dat allermeescht gëtt iwwert en Tablett-ähnleche Schierm gesteiert, entweder direkt mam fettege Fanger, oder iwwert e Controler tëscht de Sëtzer. Wann ee sech bis dru gewinnt huet, funktionéiert et gutt. Firwat Renault den Tempomatknäppchen tëscht d’Sëtzer verstoppt, ass e Rätsel. Mä kee Problem.

Erfreelech och, dass et heibanne massiv Plaz fir Kreemche gëtt. Vir gëtt et déi voll Punktzuel, och well d’Sëtzer super-confortabel sinn an d’Massagefunktioun ganz agréabel ass. Hannen ass den éischten Androck och lëfteg, bis dann een sech riicht sëtze wëllt. Ech si mat 1m83 sécher kee Ris, mä mäi Kapp kënnt gnadelos uewe widder. Fir en Auto, dee sech “Espace” nennt, ass d’Kappfräiheet wierklech schappeg. Wat huet ee vun engem 7-Sëtzer, wann Erwuessener emol an der Mëtt net entspaant kënne reesen? E Familjenauto ass dat hei nëmme fir Leit mat klenge Kanner. Oder d’Schnéiwittchen, de Prënz a 5 vun de 7 Zwergen.

Ëmmerhi si meng Bandscheiwe dankbar, dass d’Sëtzer einfach elektresch verschwannen. Déi al konnt ee wuel individuell verdeelen, si waren awer och bläischwéier. Ech hunn u sech kee voluminéise Lifestyle. Typesch Espace-Fuerer awer tippen nawell gäre Mountainbike, Kontrabass a Kayak einfach an d’Mall. An ech si nëtz sécher op ageschwuere Fans vum alen mat deem neie glécklech ginn. En ass wierklech e gutt Stéck méi kleng a manner polyvalent.

Beim Fueren iwwerrascht de gudde Geräichconfort. An och wéi gutt deen zimlech klenge Motor sech dru gëtt. Den Espace gëtt et näämlech bis elo just mat 1600er. De stäerksten Diesel ass e Biturbo, deen 160 Päerd eraus këddelt. Staark um Untrëtt, gutt ënnerstëtzt vun enger intelligent iwwersater 7-Gang-Automatik, roueg a mat 7½ Liter relativ spuersam. Dat hei ass e groussen Auto.

85% vun der Zäit gëtt et iwwert den Downsizing näischt ze meckeren. Mä do ginn et nach déi aner 15%. Wann ee wëll iwwerhuelen, oder am Biergop. Et ass ee mat hallef Gas ënnerwee, et schlappt een of, an dat eenzegt, wat sech ännert ass d’Geräichkuliss. Dee klenge Motor war näämlech schonn amgaang säin allerbescht ze ginn.

Dass mir eis net falsch verstinn. 160 Päerd ginn duer. Mä d’Fransouse sinn déi eenzeg, déi mengen, dass zu Luxus net onbedéngt och labber Leeschtung gehéiert. Wat hir Verkafszuelen an deem Segment wuel erkläert.

Stroosselag a Sécherheet am Crashtest, dat kennen se dogéint gutt. Eisen Espace hat esouguer hënnescht Rieder, déi matrenkelen. Gutt fir d’Stabilitéit an d’Handlechkeet. Schued just, dass d’Steierung esou gutt wéi guer keng Réckmeldung liwwert.

Um Enn gëtt et en zweedäitege Verdict. Fir déi, déi vir dierfe sëtzen, bitt den neien Espace superbe Laangstreckeconfort. An déi 48’000 Euro fir d’Topversioun relativéieren sech, well do wierklech alles inklusive ass. D’Haaptironie ass, dass beim neien Espace virun allem Loftraum feelt. Den Daach ass méi niddereg, d’Fuerwierk méi héich fir en debillen Offroad-Look. Heiansdo misst een d’Designer an d’Marketingfuzzien zwéngen, och emol 500 Kilometer an der zweeter Rei ze reesen. Da wier villes besser.

Renault Espace (18.06.2015)
De Renault Espace war e Van-Klassiker. Elo maachen d'Fransousen alles nei. De Pascal Becker wollt wëssen, op den neien Espace esou och besser gëtt.