Autotest vum 2. Juli 2015Volvo XC90

Den alen XC90 huet 12 Joer duergehalen. Elo kënnt d'Neioplag vum schwedesche SUV. De Pascal Becker huet den XC90 mam neie 4-Zylinder-Motor probéiert.

Et ginn hautzedags net vill Autosmodeller, déi zwielef Joer iwwerliewen. De Volvo XC90 war een dovunner. Den éischte SUV vun der schwedescher Mark. An e Succès. Iwwer 640’000 Keefer, ugezu vun Design, Sécherheetspackagen a virun allem well den XC90 en duerchduechten Familjenauo war. An e realistesche 7-Sëtzer. Esouvill Virgeschicht. Fir ze weisen, dass deen éischte Volvo, dee ganz ënnert dem chineseschen Aktionär entwéckelt gouf, et net liicht huet.

D’Chinese ware clever. Si hunn d’Schwede gewäerde gelooss. Et ass net einfach eng Designsprooch ze fannen, déi Soliditéit ausstrahlt ouni bedreelech ze wierken. Den neien XC90 packt dee Spagat mat Eleganz.

Seng richteg Trompkaart spillt en awer bannendran. Et ass ee vun den agréabelsten Interieuren, déi mir dëst Joer getest hunn. Clean, frëndlech, gutt verschafft. A schiermméisseg up-to-date. Den Trend geet jo zum zentralen Tabletklon.

Bei deem heite klappt d’Navigatioun duerch d’Menuen liicht. Net onwichteg, well je nodeem wéi frenetesch ee bei den Optioune geklickt huet, gëtt et Etleches, wat dee Schierm manage muss. 360°-Kameraiwwerwaachung ass bei engem 5-Meter-Auto definitiv eng gutt Saach, en Equalizersetting, deen d’Akustik vum Concertssall vu Göteborg erbäi zaubere soll, dogéint éischter schwedeschen Humor. Et kléngt näämlech besser ouni.

Komme mir elo bei d’Plaz. Déi mëttelst Rei bitt räichlech Spillraum a si léisst sech ëm 16 Zentimeter verréckelen, wann et drëms geet, d’Knéifräiheet bridderlech mat zwee weidere Passagéier ze deelen. Déi kommen ouni allzevill Turnübungen an déi drëtte Rei a fannen do duerchaus mënschewierdeg Sëtzplazen. Esouguer Erwuessener kënnen et do eng Zäitchen aushalen. E richtege 7-Sëtzer!

Natierlech léisst dee Raum sech liicht ëmwandele fir Cargo ze transportéieren. Wann een zum Beispill en Elch géif iwwerrennen. Déi optional Loftfiederung, 2’500€ wann ech gelift, erlaabt et dann och de Volvo unzehiewen fir déif an de Bësch ze fueren. E Redukter gëtt et net. Dofir gëtt et als Optioun véier Fuerprogrammer. Eise Rot: spuert dat Geld! D’Positioun Confort mécht alles wat ee brauch. E puer elektronesch Agrëffer maachen aus engem 2-Tonnen-SUV och keng Sportskanoun.

Et keeft een dëse Volvo fir entspaant ze reesen an dat kann e ganz gutt. Seng Stroosselag ass präzis genug an de Confort wierklech luxuriéis. Kéiere passen an d’Schema, allerdéngs net als Spaassprogramm fir de Chauffer. Do ass den XC e besse streng.

Den alen XC90 hat fënnef Zylinder, déi vläicht net ultrastaark waren, mä geschnurrt hunn wéi eng zefridde Kaz. Beim neie setzt Volvo alles op en 2-Liter-4-Zylinder, als Bensinner oder als Diesel, awer ëmmer mat Turbo. Den D5 ass esouguer e Biturbo. 225 Päerd sinn d’Resultat. Zesumme mat der 8-Gang-Automatik ergëtt dat wuel adäquat Fuerleeschtungen, mä akustesch wierkt d’Maschinn dacks ugestrengt. Näischt Schlëmmes, mä den Audio passt net bei d’Präisschëld. Eise voll équipéierten Testauto huet ëmmerhin 78’000 Euro kascht.

Dofir kritt ee bei der Konkurrenz dräi Liter a sechs Zylinder. Déi och net wesentlech méi verbrauche wéi déi 9 Liter vum Volvo. Wat soll deen Downsizing? Wann et engem wierklech drëm geet, de Planéit ze retten, da baut ee keen héijen, zwou Tonne schwéieren Auto mat 20-Zoll-Felgen. All dat dreift de Verbrauch näämlech méi an d’Luucht wéi en decke Motor.

Um Enn ännert eise perséinleche Motorfetisch awer näischt dorunner, das Volvo mam neien XC90 insgesamt en harmonesche Kompromëss gelongen ass. E bëssen deier vläicht, mä definitiv nice.

Volvo XC90 (02.07.2015)
Den alen XC90 huet 12 Joer duergehalen. Elo kënnt d'Neioplag vum schwedesche SUV. De Pascal Becker huet den XC90 mam neie 4-Zylinder-Motor probéiert.