Autotest vum 16. Juli 2015Skoda Superb Combi

De Skoda Superb war bis elo d'Referenz a Saache Beefräiheet. Déi nei Generatioun ass esouguer nach méi grouss, de Pascal Becker schwätzt vum "Skoda Enorm".

Dat hei ass deen neie Skoda Super Combi. Wéi se eis gesot hunn, de Radstand wier ëm 8 Zentimeter gewuess, an dass een elo nach méi Plaz hannen huet, hu mir eis gewonnert. Et ass jo net, wéi wa beim Virgänger op deem Punkt akuten Handlungsbedarf bestanen hätt.

Marketingsleit si wuel ganz zefridde man Numm “Superb”, mä si hätten dësen Auto roueg Skoda “Enorm” nenne kënnen. Eis fält keen normale Kombi an, wou een hannen esouvill Plaz fir d’Been huet.

An dëser Topversioun kann ee Filmer um iPad kucken, et huet een hannen en 220V-Stecker fir Saachen ze lueden. Wien mat Chauffer ënnerwee ass, kann esouguer vun hannen de Bäifuerersëtz nach méi no vir réckelen. Firwat ass eng gutt Fro, well et huet ee wierklech massiv Plaz.

D’Recette vu Skoda ass bekannt. Et servéiert een sech genësserlech bei VW als Organspender, zaubert eng eegen, an dësem Fall gelonge Verpackung ronderëm- An et servéiert een zu engem nach verstännege Präis.

Navi a Knäppercher sinn al Bekannten aus Golf a Passat, de staarke Radio ass nei a gutt, den adaptive Chassis schéin ze hunn, mä net liewenswichteg. A bei den Instrumenter huet een e bëssen den Androck, dass d’Designer gebremst goufen, fir de VW-Modeller net zevill Schied ze maachen.

Spéitstens bei der Mall awer blaméiert de Superb d’Konkurrenz grëndlech. Dat hei ass keng Mall mä eng Hal. Mat der richteger Optioun kann een de Réck vum Bäifuerersëtz nach ëmklappen. An da passen iwwer 3 Meter laang Stécker eran. Als Ikea-Bomber ass dëse Kombi superb!

D’Wieder war fir dësen Test net op eiser Säit. Op schmierege Stroosse läit de Superb sécher. Fiederung a Boîte op normal, Lenkung op Sport. Dat ass e gudde Kompromëss. Wéi déi meescht VW-Grupp-Produkter aus de leschte Joeren, baséiert och de Superb um modulare Querbaukasten, e Chassis deen eemol méi iwwerzeegt. Eng Sportskanoun ass de Superb domat zwar net. Just e confortabele Familjenauto. Mat esouguer zwee Prabbelien an de viischten Dieren. Dat bitt soss nëmme Rolls-Royce.

Eisen Testauto war mat engem 190PS-Turbodiesel ganz adäquat motoriséiert an och net zevill duuschtereg. Eng 6 virum Komma ass kee Problem. An d’6-Gang-DSG-Boîte nach ëmmer iwwerzeegend. E fiert sech wéi e grousse VW.

Dohir d’Killerfro: ass de Superb Combi wa méiglech  dee bessere Passat? Méi Plaz, manner deier. Ausser den elektroneschen Tableau an den 240PS-Diesel gëtt et eigentlech näischt, wat een net bei Skoda kritt. Jiddefalls net fir de Moment.

Eisen Testauto hat d’Topfinitioun Laurin & Klement. Wou quasi de ganzen Optiounskatalog fir 41’000 Euro serieméisseg dobäi ass. E puer Minutte mat der Rechemaschinn erginn, dass en ähnlech équipéierte Passat Highline iwwer 6’000 Euro méi deier ass... a manner Plaz bitt.

Wien net esou déif an d’Täsch gräife wëllt, kritt en Antrëttsdiesel vun 28’000 Euro un. Deen alen hat och schonn d’Qualitéiten, mä si waren nach e bësse barock verpaakt. Mam neie Superb brauch ee keng Excuse méi.

Skoda Superb Combi (16.07.2015)
De Skoda Superb war bis elo d'Referenz a Saache Beefräiheet. Déi nei Generatioun ass esouguer nach méi grouss, de Pascal Becker schwätzt vum "Skoda Enorm".