Autotest vum 24. September 2015Mazda CX-3

Mazda vergréissert seng Gamme. Den CX3 soll eng jonk Lifestyle-Clientèle uschwätzen. De Serge Pauly huet den neie Mini-SUV probéiert.

Opel huet et virgemaach, a Mazda huet d'Mokka-Lektioun séier geléiert. Wa Clienten e klenge Stadauto kafen, sinn se bereet fir en Grëtz Lifestyle an eng Schotz Offroad-Look e bësse méi déif an d'Täsch ze gräifen.

Reng optesch ass den CX3 schonn emol eng Réussite. Schmuel Luuchten, Schaarf modern Lignen, e kompakte kräftegen Hënneschten, ouni dass dat ganzt iwwerdesigned ausgesäit. An do wou d'Konkurrenz d'Tout-Terrains-Iddi mat Pseudo-Protectiounen e bëssen uerg strapazéiert, hält Mazda et éischter sportlech-elegant.

Bannendran ass alles ganz iwwersiichtlech. D'Vitesse gëtt awer nëmmen nach digital ugewisen, ganz kleng nieft dem Tourenzieler oder um serieméissegen Headup-Display. An den Navi kann esouguer ee Wuert lëtzebuergesch! D'Innenarchitekte hu gutt Aarbecht geleescht, och wann d'Comptablen nach ëmmer d'Fanger am Spill haten. Den ieweschten Deel vum Tableau ass aus haardem Plastik. An Zäite vu Soft-Touch-Materialien giff dat fatzeg Negativpunkte ginn. Mä wann een éierlech ass, muss ee soen, dass den CX3-Cockpit gutt verschafft ass.

Hanne musse grouss gewuesse Leit de Präis fir déi flott Daachligne bezuelen, Beefräiheet OK, Kappfräiheet limite. Grad ewéi d'Klasse-Konkurrenz kann awer och Mazda net zauberen: d'Mall ass méi kleng wéi ee vu bausse mengt. Ëmmerhi loossen d'Sëtzer sech hei einfach ëmklappen.

Et iwwerrascht Iech net, den CX3, bei deem Allrad nëmmen eng Optioun ass, fillt sech manner am Bulli wuel, mä éischter am urbanen Dschungel. D'Iwwersiicht no vir ass gutt, mä beim hannerzech Aparken ass d'Réckfuerkamera net vu Muttwëll. An heiansdo muss een e bësse méi wäit aushuelen. Do kann een dréinen a kéiere wéi ee wëllt, mä fir e Cityflitzer huet den CX3 e relativ grousse Wendekrees.

En Detail, sécher. Mir bleiwen awer kuerz bei der Steierung. D'Stroosselag ass u sech net schlecht, mä de Feedback ass lamentabel. Leider spiert sech den CX3 net esou sportlech-spaasseg u wéi en ausgesäit.

Am Test hate mir de 1500er Diesel. Ech erspueren Iech a mir déi techneschen Explikatiounen, mä wéinst der relativ niddereger Kompressioun fiert sech déi Maschinn bal wéi e Bensinner. A well Mazda sech op konsequente Liichtbau fokusséiert, geet den CX3 trotz 105 Päerd iwwerraschend gutt, och wann een net ëmmer jidderengem aus de Féiss kënnt...

Den CX3 erlaabt sech eigentlech keng gréisser Gaffe, mä Mazda huet e puer kleng Nerv-Gadgeten agebaut. D'Klimaanlag, déi heiansdo iwwerfuerdert ass, de KeylessGo-System, dee permant zouspäert, oder eng notoresch Barrière-Phobie. Wann een op eng Barrière duer fiert, panikéiert den Noutbrems-Assistent a gehäit den Anker. Elektronesch Sécherheet ass gutt, wann se zouverlässeg funktionnéiert. Mazda misst sengem Assistent awer nach bäibréngen, wat den Ënnerscheed tëscht reelle Geforen an harmlose Barrièren ass.

Klengegkeete, wéi gesot. Alles an allem huet den CX3 Bestseller-Potential. Kleng SUVen leien am Trend, de Look an d'Mécanique iwwerzeegen. Präislech fänkt ee bei 17'000 Euro un, wien den Diesel mat Allrad, Automatik an allen Optioune bestellt, geet ënner 30'000 Euro aus dem Buttek. Duerchaus raisonnabel also.

Mazda CX-3 (24.09.2015)
Mazda vergréissert seng Gamme. Den CX3 soll eng jonk Lifestyle-Clientèle uschwätzen. De Serge Pauly huet den neie Mini-SUV probéiert.