Autotest vum 15. Oktober 2015Renault Kadjar

De Renault Kadjar ass den zweeeeëgen Zwilling vum Nissan Qashqai. De Pascal Becker wollt bei sengem Test dofir wëssen: wat huet Renault dru geännert?

Eng kleng Virgeschicht: de Renault Captur, e Clio mat Trekkingboots, verkeeft sech wéi waarm Bréidercher. An de Partner Nissan mécht mam Qashqai richteg Mënz. Mat Renault-Dieselen. De Qashqai hu mir scho getest. An de Kadjar ass esou eppes wéi d’Renault-Interpretatioun vum selwechte Stéck, mat ugepasster Optik an Intérieur.

Keefer vun esou Autoe kafen Héicht. Den Allrad, deen zum Look passt, ass optionell mä ëmmerhin disponibel. Fundamental ass de Kadjar vir gedriwwen a gesäit seng Verpflichtung net am Bulli mä am Confort. Déi viischt Sëtzer verdéngen do iwwer dräi Stären, richteg gutt!

De Plastik follegt dem Prinzip vum Wonderbra. D’Reizer leien op Aenhéicht. Wat sech méi déif an de verstoppten Ecken ofspillt, weist dass d’Comptable fläisseg mam roude Bic waren. Ergonomesch sinn d’Knäppercher fir Cruisecontrol oder Sëtzpositioun e bësse bizar placéiert. Mä et gewinnt een sech drun. De Look vum Tacho ass variabel, de ganzen Infotainment an Touchscreen kenne mir aus dem Espace, wou dat ganzt mat e bëssen Training gutt funktionéiert. Plaz gëtt et vill am Kadjar. Gutt Iddien fir praxisgerecht Variabilitéit, an dat geet ouni allzevill Gefummels. Wat vun eis aus eng Bonne Note bréngt.

Renault huet net einfach seng Stickeren op e Qashqai gepecht. D’Fransousen hunn de Chassis ënnert d’Lupp geholl. Mat Erfolleg. De Kadjar huet eng vill besser Steierung wéi säi japanesche Cousin, mat méi Réckmeldung. De Kompromëss tëscht Stroosselag a Confort ass gelongen, an e gëtt héchstwahrscheinlech nach besser wann een op déi moudesch 19-Zoll-Felge verzicht.

Komme mir elo zu de Fuerleeschtungen. De klengen Turbodiesel leescht sech beim Ufueren eng markant Schwächt iert en sech erkrabbelt a seng 130 Päerd liwwert. Wat ëmmer nach net duergeet fir e Schleidertraume beim Beschleunegen ze riskéieren. De Kadjar huet Speck. Iwwer 1’500 Kilo als 4x4. Glécklecherweis huet Renault d’Boîte praxisgerecht zimlech kuerz iwwersat, ouni negative Konsequenze op de Verbrauch. Eng 6 virum Komma ass kee Problem, de Motor leeft och roueg. An eemol a Schwong ass e kräfteg genuch.

Et ass virun allem am Stadverkéier wou déi Ufuerschwächt negativ opfält. Als kleng Kompensatioun hëlleft de Kadjar beim Parken. De Parkassistent ass zwar net méi rapid wéi e routinéierte Chauffer, mä en ass ëmmer messerschaarf präzis, wat ee vum “Homo Parcus” net behaapte kann.

Wie sech just a Raum a Form vum Kadjar verknallt, ka scho mat 21’200 Euro glécklech ginn, fiddert dofir seng 130 Päerd mat Bensin a verzicht op Allrad. Dee gëtt et just an der Topfinitioun “Bose Edition”, voll équipéiert wuel, mä mat 31’400 ëm de volle Präis vun engem Twingo méi deier.

Renault Kadjar (15.10.2015)
De Renault Kadjar ass den zweeeeëgen Zwilling vum Nissan Qashqai. De Pascal Becker wollt bei sengem Test dofir wëssen: wat huet Renault dru geännert?