Autotest vum 5. November 2015Hyundai Tucson

Kommando zeréck! De Hyundai-SUV huet déi lescht Joeren ix35 geheescht, elo steet erëm Tucson um Mallendeckel. De Pascal Becker huet de Bestseller getest.

Den Tucson ass e Pionéier. Laang iert déi aner Opportunisten op den SUV-Zuch opgespronge sinn, huet Hyundai mat sengem kompakten Offroader säi Profil geschäerft. Et mierkt een d’Erfahrung dorunner, dass beim neien Tucson esou zimlech alles routinéiert sëtzt: Plaz, gutt Finitioun, héich Sëtzpositioun.

Plus bei eisem Testauto de “full monty”, also déi komplett Optiounslëscht. De gliesenen Daach ass iwweregens 1’200 Euro extra. Déi hënnescht Passagéier kommen esouguer an de Genoss vu gehëtzte Sëtzer. An si kënnen sech en plus genësserlech no hanne leeën. Net schlecht!

Well den Tucson an der Premium-Versioun esou zimlech alles huet, wat gutt an deier ass, brauch ee schonn e bëssen Zäit fir sech duerch d’Gebrauchsanweisung ze wullen.  An duerno léisst een se am beschten doheem. Et ass näämlech en décke Batz. Zum Gléck ass d’Mall grouss genuch. Konzeptbedéngt muss een hei héich hiewen. Dat huet een dovunner, héich Autoen ze kafen. An déi elektresch Mall ass wéi ëmmer iwwerflësseg.

Allrad gëtt et eréischt vun 33’000 Euro un, déi méi einfach Versioune fänke scho bei 23’000 Euro un, sinn dann awer just vir gedriwwen an handgeschallt. Zum Grondwiese vum Tucson gehéiert e gudde Geräichconfort an eng sécher Stroosselag. Si gëtt zum Deel erkaaft duerch eng Fiederung déi vläicht e bësse méi straff ass wéi néideg.

Net schlëmm, mä well Réckmeldung an dynamesch Ambitioune souwisou net déi éischt Prioritéite bei dëser Zort vun Auto sinn, hätten se dat ganzt e bësse méi mell kinnten halen. Mä dat hei ass scho Kritik op zimlech héijem Niveau.

An Zäite vun Diesel-Ofgas-Skandaler war et vläicht guer net esou schlecht, dass den Testauto fir eng Kéier emol en Turbo-Bensinner ënnert dem Capot hat. De 1600er mobiliséiert 177 Päerd, geet gutt a leeft agréabel roueg. Den Hoken ass natierlech de Verbrauch, dee realistescherweis ëm déi 10 Liter läit. Deen ongeféier selwecht staarken Top-Diesel ass ronn 5’000 Euro méi deier, an dofir kann ee schonn zimlech vill Benzin an den Tank schëdden.

D’7-Gang-Automatik passt iwweregens allgemeng gutt zum Motor, just op Kickdown reagéiert se heiansdo e bësse ruppeg. Wat en Detail ass, well am grousse ganze gëtt et net vill um Tucson ze meckeren. Bei engem Testautopräis vu bal 40’000 Euro dierf een dat jo wuel erwaarden. Fazit wuel net meng Zort vun Auto, mä gelongen.

Hyundai Tucson (05.11.2015)
Kommando zeréck! De Hyundai-SUV huet déi lescht Joeren ix35 geheescht, elo steet erëm Tucson um Mallendeckel. De Pascal Becker huet de Bestseller getest.