Autotest vum 26. November 2015Opel Astra

Opel ass um beschte Wee aus der Krise. Elo erneiert Rüsselsheim de wichtegste Modell an der Gamme. De Pascal Becker huet den Opel Astra probéiert.

Et wor emol e kompakten Opel a säi Rival, de béise Golf. Déi Zäite wou déi zwee Umeldungsdueller op Aenhéicht gefouert hunn, si laang eriwwer. Mä wann een Astra déi mechanesch Munitioun huet fir de Kampf erëm opzehuelen, dann deen heiten!

De Virgänger war kee schlechten Auto mä hat zwee Handicapen. Rustikal Dieselen a Speck. Well GeneralMotors eemol méi wollt en Auto fir déi ganz Welt bauen, war e laang a schwéier. Deen neien ass nëmme fir Europa, 20 Zentimeter méi kuerz, an dach – o Wonner – bannendra méi grouss.

Opel ass besonnesch houfreg op d’Qualitéit vun de Sëtzer. Zu Recht. Si sinn exzellent. An net nëmme vir. Och hanne setzt ee besser wéi bei de meeschte Rivalen. Natierlech ginn et keng Wonner. En Deel vum Raum, deen d’Passagéier gewonn hunn, huet d’Mall verluer. Wien dat wuermt, muss op de Kombi waarden.

Déi besser Finitioun ass evident, grad wéi d’Erliichterung, dass Opel endlech e Medikament géint Knäpperchers-Akne fonnt huet. De groussen Touchscreen ass vläicht net perfekt, mä e risege Fortschrëtt.

Haut bretzt sech jidderee mat Connectivitéit. Bei Opel heescht se OnStar, rifft automatesch Hëllef wann en Airbag lass geet. A kascht 474 Euro. OnStar ass esou eppes wéi en Internet-Concierge, deen ee kann uruffen. Dat éischt Joer ass dat gratis, duerno kascht et en Abonnement. Net all Servicer si fir Lëtzebuerg fräi geschalt, de Präis steet nach net fest. OnStar soll och den Astra an e mobile Wifi-Hotspot fir bis zu 7 Apparater maachen. An eemol méi ass dat fir den Ufank leider nach net fir Lëtzebuerg disponibel.

A wann der e groussen iPhone hutt, kënnt Dir Iech 44 Euro fir eng Smartphone-Halterung spueren. Et passt net all Apparat.

D’Wiederconditioune ware beim Test absolut miserabel. An den Astra-Intérieur eng ganz agréabel Plaz fir dem Reen ze trotzen. Gudde Geräich- a Fiederungsconfort an eng motoresch Revelatioun. Dee stäerksten Diesel huet nëmme 1600 Kubik, mä 136 Päerd an en décke Läffel Dréimoment. Do freet een sech wéi Opel dat mécht, wa VW fir schappeg 105 Kokoen scho muss mat den Ofgaswäerter fuddelen.
Jiddefalls geet den neien Astra richteg gutt, ënnert anerem och well en 200 Kilo ofgespeckt huet. Verbrauchstechnesch ass eng 5 virum Komma kee Problem.

D’Prioritéit läit hei wuel op Confort, mä d’Stroosselag ass gutt, mat vill Gripp a spéidem Ënnersteieren. An eng gesond Basis brauch net onbedéngt elektronesche Firlefanz. Den Astra huet zum Beispill en Ofstandsradar, deen heiansdo op fräier Streck a Panik geréit obwuel wäit a breet näischt ass. Op der anerer Säit stéiert et de System net, wa mir fir Kamerafahrten dem RTL-Auto regelrecht um Parechoc pechen. Iwwerflësseg!

Dat ännert awer näischt drun, dass Opel hei e richteg gudde Worf gelongen ass. Vläicht feel tet dem Astra nach e bëssen u Sex-Appeal, mä de Präis ass fair. Knapp 17’000 Euro fir d’Basis, 24’000 fir den Top-Diesel.
Opel Astra (26.11.2015)
Opel ass um beschte Wee aus der Krise. Elo erneiert Rüsselsheim de wichtegste Modell an der Gamme. De Pascal Becker huet den Opel Astra probéiert.