Autotest vum 17. Dezember 2015BMW 7er

Viru Chrëschtdag huet sech de Pascal Becker e bësse Luxus ënnert dem Testbeemchen gewënscht. Hien probéiert dat neit BMW-Flagschëff, de 740i.

E 7er BMW spillt a Sphären, wou e bestëmmten ästhetesche Konservatismus appréciéiert ass. Vu wäit kinnt et op den éischte Bléck e méi profane 5er sinn. Wat virun Näid schützt. Et muss jo net jidderee matkréie, wat een alles huet.

Lieder natierlech, vum beschten. Plaz souwisou. An do mierkt een, dass an dëser Klass d’Sëtzhierarchie nawell eng aner ass. Déi beschte Still am Concertssall sinn näämlech hannen. Et huet een onendlech Astellméiglechkeete fir dass de Sëtz wierklech genee esou ass, wéi een et gären hätt. D’Kappstütze si méi confortabel wéi meng Pillem doheem.

A géint Langweil gëtt et tëscht de Sëtzer eng Tablet, déi een eraushuele kann. Domat loossen sech divers Systemer vun der Réckbänk aus steieren. Dësen Auto huet esouvill Accessoiren, dass een sech am beschten zwee Deeg Congé hellt. Ee fir alles ze léieren. An den zweeten fir iwwert de Präis vun all deenen Optiounen ze kräischen. Mä d’Méiglechkeet, dee viischte Passagéier via Touchscreen ze péngegen, ass schonn hiert Pond Kiischte wäert.

A propos Kiischten. De Plutokrat op der Réckbänk ënnerschreift vläicht de Scheck, mä och säi Chauffer reest éischt Klass. A ka sech esouguer op Patronskäschte masséiere loossen.

Eng gewësse Familiaritéit mat Computer-Menüstrukturen ass net vu Muttwëll. iDrive ass wuel nach ëmmer deen intuitivsten Interface, mä d’Mass vun de Méiglechkeete verlaangt Übung. Wéi et sech passt, gin net fir déi wichteg Funktiounen ëmmer e puer Weeër zum Zil. A wien sech gäre mat den Hänn ausdréckt, ass hei doheem. Et nennt sech “Gesture Control” a beherrscht e puer Funktioune wéi Musek méi lues a méi haart, den Telefon ophiewen, Kameravue änneren. De Virdeel ass, dass een net no Knäppercher siche muss. Den Nodeel, dass d’Leit een am Stau komesch kucken. Et klappt, an ass mat 240 Euro emol net extra deier.

“Surround View” kascht nach emol dat selwecht. A verhënnert Parktéitschen.

Wat hei beandrockt, ass d’Léift zum Detail. Zum Beispill wéi eng Animatioun um Schierm realistesch ausfiedert. Oder wéi d’Schaute vum Grill permanent de beschte Kompromëss tëscht Killen a Loftwidderstand sichen.

Et kënnt nun emol haut op all Gramm CO2 un. An do ass den Turbobensinner am 740i emol net déi schlechste Wiel. Wien wëll, kënnt mat ronn 9 Liter iwwert d’Ronnen ouni hanneru sech eng Staumeldung auszeléisen. De 6-Zylinder leeft ultraroueg. 326 Päerd ginn hautzedags méi wéi duer.

De BMW ass ënnert den Haaptkonkurrenten nach ëmmer deen agilisten, mä exzessiv Exercisen schéinen hei iergendwéi déplacéiert ze sinn, och wann se ouni Problem méiglech wieren. Wéi esou vill modern Autoen kann och de 7er säi Charakter op Knappdrock änneren. Confort, Dynamic, Eco-Pro, Adaptive... all déi Programmer bestëmme wéi haart d’Fiederung ass oder wéi de Motor op Uerdere vum Gas reagéiert. A wann ech éierlech sinn, muss ech soen, dass ech meeschtens op Confort ënnerwee war. Vläicht wlel ech méi al ginn, vläicht awer och well BMW do de perfekte Kompromëss gelongen ass.

Vill Confort also, ouni dass den Auto zur Schaukel mutéiert. Och Dynamic bitt nach ëmmer genug Fiederungsconfort, passt gefillt awer besser bei e kompakten 3er.

Luxuslimousinen definéieren sech gären iwwert d’Opulenz viun hiren Assistenzsystemer. De7er kann zum Beispill Ofstand a Spuer op der Autobunn selbststänneg halen. Jiddefalls bis dass d’Juristen an d’Box maachen. D’Hänn mussen um Steierrad bleiwen, soss schallt de System sech aus.

Ech si wuel e Fan vun ABS an ESP, mä reagéieren allergesch, wann iergendee Sensor mengt, hien misst permanent um Steierrad zupfen, well en e wäisse Stréch gesäit. Affaire de Gout. Mä an engem Punkt, geet de 7er ze wäit. All Kéiers beim Ufuere stremmt en Elektromotor de Gurt. Ech nennen en “de Wierger vu München”. Dat ass extrem irritant, grad esou wéi a bestëmmte Luxushoteler wou ee permanent vu Personal ëmschwirrt gëtt. Mä wien iwwert 100’000 Euro vum Testauto labber huet, ass dat jo wuel gewinnt...

BMW 7er (17.12.2015)
Viru Chrëschtdag huet sech de Pascal Becker e bësse Luxus ënnert dem Testbeemchen gewënscht. Hien probéiert dat neit BMW-Flagschëff, de 740i.