Autotest vum 7. Januar 2016Jaguar XE

De Pascal Becker huet sech virgeholl, 2016 manner héich Autoen ze testen. Den neie Jaguar XE passt perfekt zu dësem gudde Virsaz.

Et kann een d’Joer méi schlecht ufänke wéi mat engem Schlass, wonnerbarem Wanterwieder… an engem Jaguar. Wann d’Schlass och vläicht e bëssen iwwert eise finanzielle Moyenen läit, esou ass dat hei e Jaguar, deen een sech duerchaus leeschte kann. Souzesoen déi klengste Kaz am grousse Käfeg.

D’Formesprooch vum Blech spillt mat der Iddi vun enger dënner Haut, gespaant iwwert déck Muskelen, prett fir ze sprangen. Op d’mannst vu vir. Hannen huet den Designer eng Kaffispaus ageluecht. Net ellen wuel, mä éischter banal. An et ass awer genee do wou Jaguar seng Nisch mat dësem Modell wëllt gruewen: eng charaktervoll Alternativ zum groen däitsche Premium vun Audi A4, BMW 3er oder Mercedes C-Klass.

Fänke mir mat de gudde Säiten un. Eng eegestänneg Ambiance bannendran. Eng gutt Finitioun, eng exzellent Sëtzpositioun fir de Chauffer. D’Qualitéit vun de Materialien ass net teutonesch mä OK.

An da fält de Bléck op den Touchscreen vum Infotainment. Mir sinn eis fir d’éischt viru méi wéi véier Joer am RangeRover Evoque begéint... an zënterhir huet sech bei der Konkurrenz schiermméisseg etleches gedoen. Si sinn haut méi grouss a méi schaarf. An esou enger HD-Welt schéngt de Jaguar-Display e bësse schappeg.

Et keeft een en Auto natierlech net wéinst der Zuel vu Pixelen op engem Schierm. Well de Jaguar huet och aner Argumenter. Et muss een hei net onbedéngt wéi bei de Konkurrente villes iwwert deier Optioune bäikafen. D’Top-Versioun Portfolio bitt serieméisseg bal alles, wat ee brauch. D’Präis-Leeschtungs-Verhältnis ass besser wéi bei den däitsche Rivalen.

D’Plaz hannen ass akzeptabel, d’Mall net riseg. Mä den AdBlue-Behälter weist ëmmerhin, dass Jaguar bei sengem neien Diesel d’Reduktioun vun de Stéckoxyden net alleng kreativer Software iwwerléisst.

Komplett nei Motore si rar. Well hir Entwécklung extrem deier ass. Den XE huet den éischte renge Jaguar-Diesel. Déi al Selbstzünder goufen nach zesumme mat Peugeot entwéckelt. De sougenannten “Ingenium” verdeelt zwee Liter op véier Zylinder, a kënnt an zwou Leeschtungsstufen: 163 an 180 Päerd. Eckdaten, déi weisen, dass fiskal Optimasatioun fir de Leasingsmarché Prioritéite gesat huet. Däitsch Konkurrente bidden zum Deel méi Power. Mä Fuerleeschtunge sinn elo hei net de Problem.

Et ass Kaméidi. Den Ingenium kléngt wéi eppes wat aus enger russescher Camionette fortgelaf ass. An dëser Kategorie erwaart een eng vill besser Lafkultur. Sécher, beim Cruisen op der Autobunn trëtt de Motor akustesch an den Hannergrond. Mä Jaguar muss onbedéngt e puer Pond an d’Schallisolatioun investéieren. Oder de Chauffer an de V6-Bensinner.

Dee brauch da wuel däitlech méi déi knapp siwe Liter vum Diesel, mä verstäerkt em XE seng beschte Säit: säi Chassis! Well am Handling steet dëse Jaguar un der Spëtzt vu senger Kategorie a brauch kee Konkurrent ze fäerten. Eng richteg Spaassmaschinn mat Grip, Präzisioun, Réckmeldung a Confort. Super!

A vläicht sinn et esouguer déi Qualitéiten, déi eis dozou verleet hunn, den aarmen Diesel permanent ze beetschen. Hei ass jiddefalls dem Jaguar XE seng Nisch: Dynamik an Ästhetik, zu wéi um Ufank gesot, nach erschwéngleche Präisser. En éischten XE gëtt et fir 34’000 Euro, eng R-Sport-Variant wéi den Testauto ass fir 40’000 Euro ze kréien, komplett mat 8-Gang-Automatik.

Jaguar XE (07.01.2016)
De Pascal Becker huet sech virgeholl, 2016 manner héich Autoen ze testen. Den neie Jaguar XE passt perfekt zu dësem gudde Virsaz.