Autotest vum 28. Januar 2016Mazda MX5

De Mazda MX5 ass "back to basics". De Pascal Becker freet sech driwwer, dass Ingenieuren hei Hand ugeluecht hunn, a keng Marketing-Lifestylefuzzien.

Dësen Auto ass eng Anomalie. An Zäiten wou alles méi deier, méi schwéier a méi komplizéiert schéint ze ginn, setzt Mazda op „back to basics“. Den neien MX5 huet keen Turbo, keen haarden Daach, keen Allrad, keng Internetverbindung, keng Automatik!

Wat no Verzicht kléngt, ass a Wierklechkeet d’Resultat vun enger rigoroser Konzentratioun op dat wat wierklech wichteg ass. Perfekt Balance, nidderegt Gewiicht, zwou Sëtzplazen. Topless ass d’Affaire vun engem Handgrëff an 10 Sekonnen. Do brauch ee keng komplizéiert Hydraulik, déi deier a schwéier ass.

Lieder a Wieder. Fir d’Haut vun doudege Kéi, elektresch gehëtzt, brauch een d’Top-Finitioun. A fir Kabrio-Wieder brauch een en anert Land wéi Lëtzebuerg am Wanter. Fir de Reen a Schnéi ka Mazda elo definitiv net.

Fir déi zimlech gutt Finitioun schonn éischter. An dofir dass dee klengen MX5 och nach eng akzeptabel Mall huet. Et kinnt een sech en Alldagsliewen mat nëmmen dësem Auto virstellen.

Den MX5 huet eppes fäerdeg bruecht, wat mir och kinnt gutt doen: en huet ofgespeckt! An dat féiert zu enger positiver Spiral. E liichten Auto brauch manner Leeschtung a manner Benzin. Eisen Testauto hat e klenge 1500er, deen ouni Turbo 131 Päerd mobiliséiert. Wat méi wéi duergeet fir Spaass ze hunn.

De 1500er ass knackeg kuerz iwwersat, mat perfektem Uschloss tëscht de sechs Gäng. An der Fäegkeet iwwer 7’000 Touren ze dréinen. Dass riets a lénks Bopen an hiren Turbodiesele laanscht päifen, ass dem Mazda-Pilot komplett egal. Hien oder hat genéisst aner Saachen. Wéi zum Beispill d’Méiglechkeet tëscht zwou Reendrëpsen rapid den Daach opzemaachen.

Fir emol Kloertext ze schwätzen: déi meescht Accessoiren, Appen an Assistenzsystemer a modernen Autoen sinn deier, sténklangweileg an droen null zum Fuerspaass bäi. Deen entsteet am präzisen Zesummespill vun den Haaptcommanden, Steierung, Schaltung a Bremsen a gëtt verstäerkt duerch e Motor, dee sech ka voll ausdrécken a fräi dréint.

D’Mazda-Ingenieure hu ganz vill Opwand gedriwwen fir déi Parametere perfekt ze kréien, obwuel een sech domatt am Katalog net bretze kann. Et beweist, dass hei Leit um Wierk sinn, déi nach wësse wéi gudde Fuerspaass entsteet. Ingenieuren. Keng Lifestyle-Marketingfuzzien.

Den MX5 ass eng deliziéis Spillsaach. Mä en ass net perfekt. De Geräischpegel ass ze erdroen, mä e kinnt méi niddereg sinn. An op naasse Stroossen sollt een net vergiessen, dass dësen Auto hanne gedriwwen ass. Iergend wéini ass Schluss mat Grip. An da muss ee géigesteieren.

Mä de Chassis ass grad esou guttmiddeg wéi de finanziellen Impakt. E Verbrauch ëm déi 7 Liter ass keng Hexerei. An e Basis-MX5 mat all de wierklech wichtege Saache gëtt et scho fir 21’700 Euro. Ech weess net, ob dee méi decken Zwee-Liter wierklech néideg ass. D’Bauchgefill seet neen!

A wann den Design Iech net gefält: de Mazda kennt geschwënn ëmgeschminkt als Fiat an Alfa op de Maart, mat italienesche Motoren.

Mazda MX5 (28.01.2016)
De Mazda MX5 ass "back to basics". De Pascal Becker freet sech driwwer, dass Ingenieuren hei Hand ugeluecht hunn, a keng Marketing-Lifestylefuzzien.