Autotest vum 18. Februar 2016Audi A4 Avant

De Pascal Becker giff den Audi A4 direkt als Häerzchirurg engagéieren. Mä fir e Patt huelen ze goen, ass him den neien A4 zevill "Streber"...

Mir fänke mat de Plaz un. Dat hei ass dem Audi A4 Avant seng Mall. Mat ëmgeklappte Sëtzer passen hei 1‘500 Liter eran. Dat klengt beandrockend. Awer, hei si mir erëm beim Einstein, dat ass relativ. E Passat schléckt bal 300 Liter méi, e Skoda Superb packt esouguer bal 500 Liter extra.E profane Laaschteniesel ass den A4 also net.

Mir lästeren dacks iwwert d’Photokopiesmaschinn vum Designbüro bei Audi. Mä et sollt een Kontinuitéit net mat Lidderegkeet verwiesselen. Deen neien A4 huet eng Schäerft an den Detailer, déi mécht, dass en ausgesäit wéi eng Ultra-HD-Versioun vu senge Virgänger. Diskret, elegant, ouni Blingbling. Kee Feeler.

Well dat, wat een all Dag als Chauffer gesäit, do huet sech vill gedoen. Audi baut momentan déi bescht verschafften Intérieuren aus der Automobilbranche. De virtuelle Cockpit kenne mir aus dem TT. E kascht zwar 500 Euro extra, méi déi sollt een sech gënnen. Hei gëtt en duerch en zentralen Écran ënnerstëtzt, esou dass och de Passagéier eppes ze kucken huet. An zum Beispill iwwert dem Fueren hëllefe kann, den Navi ze programméieren.

Natierlech kann een d’Adress mat der Hand krozelen. A wien sech e bëssen Zäit hëlt, gëtt duerno gutt mat der Menü-Architektur vum Multi-Media-Interface eens. Mä et sollt ee just net vergiessen, dass villes, wat hei Freed mécht, wéi üblech extra kascht. Leider och eng Audi-Traditioun.

Den Diesel hat an der Lescht schlecht Press. An e Véierzylinder generéiert vläicht Power. Mä wéineg akustesch Léift. Trotzdem ass dat hei eng vun de populäerste Varianten. Aus guddem Grond: den 2.0 Turbodiesel liwwert an dëser Leeschtungsstuf 190 Päerd. Zesumme mat enger 7-Gang-DSG-Boîte an enger Karosserie, déi iwwer 120 Kilo ofgespeckt huet, kënnt een domat ganz gutt virun. Ouni iwwerméisseg Sprit ze verbrauchen. Et ass kee Problem fir ënner sechs Liter ze kommen. Wat fir e séieren Allrad-Kombi méi wéi respektabel ass. Beandrockend ass och d’Rou bannendran. Esou dass d’Ouer net richteg matkritt, wéi séier een ënnerwee ass.

D’Stroosselag ass sécher, de Grip héich an den Auto méi handlech wéi säi Virgänger. Alles positiv. Fir eng Minoritéit vu Fuerer awer och e bësse steril.

Wann ech elo Häerzchirurgie misst hunn, wier ech immens berouegt, vun engem Audi A4 operéiert ze ginn. Well dësen Auto esou kompetent ass. Mä wann d’Kéiereféiwer ee paakt, verschreift den Dr. Audi ultimativ e Läffel Ënnersteieren. Absolut sécher. Spaass ass anescht. Et ass net onbedéngt en Auto, mat deem ech Loscht hätt, een huelen ze goen.

Wéi wäit esou Considératiounen iwwerhaapt nach an déi heiteg Zäit passen, sief dohi gestallt. Meeschtens wees den Auto et besser wéi säi Chauffer, an dorunner muss ee sech gewinnen.

Am Katalog gëtt et en éischten, plakegen A4 vun 29’000 Euro un. Dee geet mat Benzin an huet Loft an de Pneuen. Wien sech wéi bei eisem Testauto e bësse lackele léisst, lant mat Optiounen lässeg bei iwwer 50’000 Euro. Fir déi Zomm kritt een och schonn en A4 mat engem 6-Zylinder-Diesel mat Automatik a quattro. Ouni Firlefanz wuel, mä mat 272 Päerd. Ech weess, wouhi meng Suen géife goen.