Autotest vum 10. Mäerz 2016Infiniti Q30

Den Infiniti Q30 ass e Cousin vun der Mercedes A-Klass. De Serge Pauly wollt wëssen, wéivill Raum fir Individualitéit bei dësem Recycling bleift.

Dat Spannend beim Recycling: dacks erkennt een den Ausgangsproduit guer net méi erëm. Wann een de Q30 vun der Säit kuckt, erahnt een eng Mercedes A-Klass. Mä soss presentéiert sech de klengsten Infiniti ganz eegestänneg: schmuel Luuchten, eng grouss Calendre, schaarf Konturen an der Karosserie... Dat ass nach méi dynamesch a méi expressiv wéi de scho gelongenene Baby-Benz.

Vun A op Q30, dat geet iwwert siwen Ecken: Infiniti ass d'Nobelmark vun Nissan. Nissan huet eng Allianz mat Renault, an déi kooperéiere mat Mercedes.

Dass de Stär Organspender ass, dat erkennt ee spéitstens am Cockpit: déi selwecht Knäppercher, déi selwecht Instrumenter, si hunn sech emol net d'Méi gemaach eng aner Schrëftaart ze sichen. Esouguer de Schlëssel kënnt vu Mercedes, ëmmerhinn steet um Porteclef “Infiniti”. Elo kinnt een natierlech soen, dass dee Copy/Paste net ganz originell ass. Op der anerer Säit: firwat soll een un eppes fusche goen, wat eigentlech ganz gutt ass?

Den Navi-Écran (iwweregens mat eegener Nissan-Software) ass am Tableau integréiert, an net einfach uewen drop gepecht, dat gesäit besser aus. D'Veraarbechtung ass mindestens op Benz-Niveau.

D’A-Klass ass scho kee Raumwonner. Op der Réckbänk vum Q30 huet een den Androck, wéi wann nach  puer weider Milimeter Kapp- a Beefräiheet fir den Design geaffert gi wieren. Op d’mannst kritt en d’Hoer hei vun nobelene Alcantara geheemelt.

Mam Q30 kinnt Infiniti eppes fäerdeg bréngen, wat zënter 8 Joer net esou richteg klappe wëllt: an Europa ukommen. An den USA ass d'Mark scho méi laang de Premium-Benchmark, bei eis ass et nach ëmmer déi grouss Inconnue.

Bei Insider ass Infiniti fir seng betount sportlech Stroosselag bekannt. De Q30 fält do e bëssen aus der Rei. En ass iwwerraschend confortabel, esouguer méi confortabel wéi den däitsche Cousin. Infiniti huet d'Mercedes-Fuerwierk näämlech opwenneg verfäinert. Do wou d'A-Klass limite haart ass, rullt de Q30 ganz geschmeideg of. Et ass dee méi harmonesche Mix!

D'Wieder bei eisem Test war net grad esou harmonesch. Mä Allrad ass eng Optioun, a well Schnéi méi flott wéi Reen ass, hu mir eis an d'Éislek getraut. Si haten eis den décken Diesel ginn, en 2.2 Liter, 170 Päerd, Duebelkupplungsboite. Wiem déi Donnéeën bekannt vir kommen: richteg, och hei huet Stuttgart d'Fanger mat am Spill!

Am Renault-Regal hunn se och e 1500er Diesel mat Automatik ronderëm leien. Mir hunn déi Kombinatioun schonn a Qashqai, Talisman an Espace probéiert. Spaass mécht dat net. Den Stuttgarter Diesel ass déi besser Décisioun.

De Q30 ass wéi Fusion-Kischen. Et hëlt een dat bescht aus alle Welten, an eraus kënnt eng ganz eegestänneg Meeschung, déi nawell zouseet. Obwuel, de Kriddelschass fënnt och hei eppes ze meckeren. De Q30 ass näämlech relativ oniwwersiichtlech. Vir stéiert déi breet A-Sail, hanne limitéieren déi schmuel Fënsteren d’Vue. Hannerzesch aparken ass do eng richteg Herausfuederung. Do ass et ëmsou méi komesch, dass eisen Testauto guer keng Réckfuer-Kamera hat.

Entgéint japanesche Gewunneschte ginn et näämlech relativ vill Optiounen. D'Präisser fänke bei 24'000 Euro un, eisen Testauto giff der 37’500 kaschten. Fir eng A-Klass misst een dräi Ticketen dropleeën! Mä Mercedes giff d'Katalogspräisser mat bessere Remisen kompenséieren. De Präis ass also ënnert dem Stréch keng Entscheedungshëllef. Original oder Recycling, dat bleift um Enn eng Affaire de Gout!

Infiniti Q30 (10.03.2016)
Den Infiniti Q30 ass e Cousin vun der Mercedes A-Klass. De Serge Pauly wollt wëssen, wéivill Raum fir Individualitéit bei dësem Recycling bleift.