Autotest vum 12. Mee 2016Mercedes E-Klass

Autoe ginn ëmmer méi gescheit. An den Dag wäert kommen wou se eis guer net méi brauchen... De Pascal Becker huet de Mercedes E 220d probéiert.

Autoe ginn ëmmer méi gescheit. An den Dag wäert kommen, wou se eis guer net méi brauchen. Den neie Mercedes E ass e Schachzoch an déi Richtung a wuel elo scho méi smart wéi ech. Op d’mannst wat d’Rechecapacitéiten ugeet.

Op den éischte Bléck mécht dësen Auto awer elo net op iwwerdriwwenen High-Tech. Vum Design hir ass et eng nahtlos Continuitéit, e weidere Saz an der fléissender Sprooch, déi C- an S-Klass elo iwwert E verbënnt. Et gi genuch, neen: vill ze vill Crossover an SUV’en, esou dass et schéin ass emol erëm un d’Qualitéite vun de klassescher Limousine-Form erënnert ze ginn. Mat zum Beispill enger grousser, déiwer Mall.

Heiansdo froen ech mech, wat den Neil Armstrong vun esou engem Auto géif halen. Ëmmerhi gouf den éischte Mënsch um Mound mat grosso modo der Recheleeschtung vun engem Tamagochi an de Weltall geschéckt. Dat géif beim Mercedes E wuel knapp duergoen, fir den Äschebecher ze beliichten.

Den Trend zu virtuellen Instrumenter an ëmmer méi grousse Schiermer ass net opzehalen. Hei ass d’Optioun Widescreen absolut iwwerzeegend, gestache schaarf an individuell ajustabel. Wéi beim Schach gëtt et och an der Benotzung vum High-Tech ëmmer e puer Weeër zum Zil, déi een no Loscht a Kompetenz ka mëschen. Tëscht Knäppercher, Roulette an Touchpad, dee Krotzelschrëften erkennt, ass garantéiert eppes, wat engem läit.

Den 220d huet en neien, 195 Päerd staarken Diesel. Dee, fir et direkt ze soen, vill méi roueg leeft, wéi säin net ëmmer diskrete Virgänger. Am Ufank war ech skeptesch: 9 Gäng fir eng Automatik kléngt no Overkill. An der Praxis awer funktionéiert déi nei Boîte iwwerzeegend, bitt ëmmer de passenden Uschloss fir genuch Power. Eppes wat beim Virgänger an och bei der C-Klass nët ëmmer de Fall ass. Well do d’Boîte mat manner Gäng extrem laang iwwersat ass fir um Pabeier Sprit ze spueren. Esou laang, dass een als Chauffer dacks d’Gefill huet, ze erhingeren.

Dir wonnert Iech vläicht firwat nach net vum Sëtzconfort geschwat gouf. Déi viischt si ganz gutt. A bei déi hënnescht komme mir elo direkt. Nenne mir et den Taxi-Test. Well et gëtt wuel keen aneren Automodell, dee weltwäit esou dacks als Taxi agesat gëtt, wéi d’Mercedes E-Klass. Et sëtz ee gutt, op enger agréabeler Héicht, mat genuch Plaz. Spillereie fir d’Passagéier an der zweeter Rei sinn awer begrenzt. Liesluucht a Belëftung, dat war et. Fir e Klimawiessel muss een de Chauffer froen. An op deene fiese Geschwindigkeetsbriecher, déi eis Stroosse ruinéieren, spiert een de Coup onerwaart sec.

Onerwaart, well de Confort soss eng vun de gréisste Stäerkte vun dësem Auto ass. Confort ass déi automatesch Default-Positioun am Menü, deen et erlaabt, Fiederung an d’Usprieche vu Steierung a Boîte ze modifizéieren. An dat ass gutt esou. Well e kann alles. Esouguer schëtzeg fueren. Ouni schwammeg ze wierken. Vläicht entfalen d’Sportmodi mat méi staarke Motorisatiounen hire Sënn, am 220d stéieren se éischter d’Harmonie. A mat engem Verbrach ënner 7 Liter bréngt och en Eco-Modus keng Risegewënner.

Komme mir elo bei de smarten Deel. Dësen Auto ass jo, wéi um Ufank bemierkt, sou clever, dass een de Chauffer a gewësse Situatioune guer net méi brauch. Ech fuere gären, soss wier ech jo hei um falsche Posten. Mä wann ech éierlech sinn, 70 bis 80 Prozent vu menge Strecke sinn einfach nëmme Péng. Stau, Berufsverkéier, lues krauchen. An de Mercedes E huet eppes fir meng Péng. En hält den Ofstand zum Auto virdrun, bremst esouguer selwer bis zum Stopp. An op Plaze wou et schéi wäiss Markéierunge gëtt, hält en d’Spuer, esouguer a Kéieren. Ganz alleng. De Chauffer muss just a regelméissegen Ofstänn d’Steierrad upaken. Fir ze weisen, dass en net dout ass. An d’Affekoten ze berouegen.

Alles an allem ass et en Abléck an eng reizvoll Zukunft. Mä do si mir nach net ganz ukomm. Heiansdo verléiert de System d’Schlappen a bremst zum Beispill haart well een engem wäisse Stréch ze no koum. Et muss een also trotzdem permanent selwer oppassen, wat de Confortgewënn ultimativ a Grenzen hält. Op dat 1’700 Euro wäert ass, musst Dir selwer décidéieren.

Zäit fir iwwert Geld ze schwätzen. E Mercedes E 220d kascht Basis 48’000 Euro. An da geet et wéi gewinnt u mat den Optiounen. Déi sëlwer Faarf? 1’000 Euro. AMG-Look bannen a baussen? 5 Risen. Sënnvoll ass dat adaptiivt Fuerfwierk, genannt Agility Control, 3’300 Euro. An de Widescreen-Cockpit, Deel vun engem 4’000-Euro-Pak, dee leider och en elektronesche Moralapostel matbréngt. 1km/h iwwert dem Limit a scho gëtt een ugebingt.

Summa summarum war d’Präisschëld vun eisem Testauto bei 65’000 Euro ukomm. Dat si fir e profane 4-Zylinder vill Suen. Och wann e gelongen ass. Fir 57’000 Euro kritt een och e 6-Zylinder-Diesel mat 65 Päerd méi. An dofir lount et sech schonn op e puer iwwerflësseg Optiounen ze verzichten.

Mercedes E 220 d (12.05.2016)
Autoe ginn ëmmer méi gescheit. An den Dag wäert kommen wou se eis guer net méi brauchen... De Pascal Becker huet de Mercedes E 220d probéiert.