Autotest vum 2. Juni 2016Porsche 718 Boxster S

Et ass en Traditiounsbroch: den neie Porsche Boxster huet nëmmen nach 4 Zylinder. De Pascal Becker ass ganz besuergt: wéi ass et do mam Sound a mam Spaass?

Porsche ass Meeschter vun der gradueller Evolutioun. 90 Prozent vum neie Boxster sinn nei. Et muss ee just méi no erugoen, fir dat ze mierken. Déi gutt Saache si bliwwen. En Daach, deen de séiere Striptease beherrscht, esouguer iwwert dem Fuere bei Stadvitessen. Fir e Mëttelmotorkabrio ass de Boxster och iwwerraschend praktesch, mat zwou Malle wou genuch Gepäck erageet fir déi grouss Rees.

Den neien Navi an Infotainment fält op – a gefält. Hei war Moderniséierung batter néideg. Sëtzer a Finitioun sinn nach ëmmer top. Dass d’Lüftungsdüsen elo ronn amplaz eckeg sinn, ass en Thema fir Fetischisten.

Wat mech dann nahtlos bei déi zentral Fro vum Modell 718 bréngt: de Verloscht vun zwee Zylinder. Dësen Akt vu Vandalismus erkläert Porsche mat méi strengen Emissiounsnormen. Wat natierlech pure Bullshit ass. Déi selwecht Normen  erlabe weiderhi sechs Zylinder am 911 an de Verkaf vun duuschterege SUV’en. De Problem fir e klenge Constructeur wéi Porsche ass de Flotteverbrauch. D’Moyenne vun all de verkaaften Autoe muss erofgoen, dofir de 4-Zylinder am klengste Porsche.

Leeschtungsméisseg kann ee beim Modell S net meckeren. 350 Päerd a 60 extra Newtonmeter, dat spiert een direkt. Et brauch ee keng Stoppauer fir ze mierken, dass deen neien nach besser geet, trotz Kubik- an Zylinderdefizit. De 4-Zylinder hänkt bësseg um Gas, dréint gären iwwer 7000 Touren a kennt kee Leeschtungslach. A bei nidderegen Dréizuele mécht säin Turbo de 6-Zylinder platt.

En huet esouguer – fir sech gesi – kee schlechte Sound, e bësse wéi den Herbie op Steroïden. E Verglach mat engem vun de leschte 6-Zylinder-Boxster weist awer e kloere symphonesche Verloscht. Virdru war de Soundtrack Dolby Surround. Beim Neien erënnert d’Ouer ëmmer dorun, dass et finanziell net duergaangen ass fir en 911...

Allerdéngs verflitt dat Gefill esoubal déi éischt Kéier um Horizont optaucht. D’Stroosselaach ass ganz einfach e Gedicht. Méi flénk wéi de Virgänger an dach méi guttmiddeg, mat enger Boîte-Ofstëmmung, déi ëmmer an iwwerall Zoch parat hält. D’PDK kascht zwar 2’000 Euro extra, mä dat ass gutt investéiert Geld, grad wéi déi 1’600 Euro fir d’déifgeluechtent Sportfuerwierk.

Wie Sport mat knëppelhaart verwiesselt, gëtt hei agréabel enttäuscht. Den neie Boxster ass näämlech confortabel, esouguer d’Positioun SportPlus ass net esou hardcore, dass een se nëmmen op engem Circuit kinnt benotzen. Ech war de ganzen Dag domatter ënnerwee.

Obwuel ech am Fong 4-Zylinder haasse, muss ech zouginn, dass dat hei en extrem flotten Auto ass. Leider kee bëllegen! 53’000 Euro fir en 2.0 Boxster, 65’000 Euro fir den S mam 2.5, 80’000 Euro fir den Testauto. Wa Porsche wëllt spueren, da kloer net mam Client senge Suen.

An de Spritverbrauch? Hmmm... Am Alldag doudsécher méi spuersam, reesen ënnert 10 Liter kee Problem. Mä wann een de Béischt beetscht, kann och emol eng 20 virum Komma optauchen. Cocoë wëlle gefiddert ginn, egal aus wéivill Zylinder se drénken.

Porsche 718 Boxster S (02.06.2016)
Et ass en Traditiounsbroch: den neie Porsche Boxster huet nëmmen nach 4 Zylinder. De Pascal Becker ass ganz besuergt: wéi ass et do mam Sound a mam Spaass?