Autotest vum 30. Juni 2016BMW X1 & VW Tiguan

Mam BMW X1 a VW Tiguan ginn zwee SUV-Haaptkonkurrenten erneiert. De Pascal Becker an de Serge Pauly hunn se allebéid getest.

Softroader sinn déi nei Familljekutschen. An et ass scho rar, wann zwee Haaptkonkurrenten zur gläicher Zäit erneiert ginn wéi hei de VW Tiguan den de BMW X1.

Déi gréisste Revolutioun gouf et bei BMW. Den neien X1 baséiert elo um ActiveTourer, e Chassis deen normal vir ugedriwwen ass, mat engem Motor dee wéi beim Tiguan queesch ënnert dem Capot sëtzt. De Raumgewënn par rapport zum Virgänger ass substantiell. Mä et geet net duer fir de VW ze klappen. Am Tiguan seng Mall passen zum Beispill 100 Liter méi. Normal – en ass e bësse méi laang a méi héich. An dat mierke besonnesch grouss Leit. Ënnert dem BMW senger Malleklapp kann een iwwert 1m80 net riicht stoen.

Plazangscht ass awer bei kengem en Thema. Just de Popometer kënnt zu enger kloerer Conclusioun: dem BMW seng Sëtzer sinn ze kuerz, ze haart a bidden net genuch Halt – am Tiguan sëtzt een einfach besser. Allerdéngs ass déi generell Ambiance do e bësse méi utilitär, d’Kapitel Finitioun geet dofir u BMW. Och de VW ass propper verschafft, mä et mierkt ee wou bei de Matière gespuert gouf.

Béid Autoen hunn zum Beispill en HeadUp-Display, dee vum Tiguan mécht awer e bëssen op Bricolage, am Verglach mam X1, deen direkt op d’Scheif projezéiert. Den Navi vum BMW huet Krozelschrëft-Erkennung, de VW en Touchscreen – eng Affaire de gout!

Grad ewéi bei den Instrumenter. Mir sinn dem virtuelle Cockpit vun Audi/VW elo scho bei ville Produite vum Haus begéint an e gefält eis ëmmer nach. Innovativ, villsäiteg anzestellen, schaarf, ganz einfach flott. A méi modern wéi dem BMW seng traditionell Nolen.

Well dat hei Pampersbomber solle sinn, hunn se hannen Tabletten wou déi kleng hire Kreemche kënnen dropleeën. Am Tiguan ass de Wénkel astellbar fir e Film um iPad ze kucken. Mä de Plastik huet de Charme vun engem recycléierte Cabinetsdeckel. Cheap! A wann den Androck am BMW och e bësse méi Premium ass, esou feelt et och do net u bëllegem Plastik a wackelegen Tabletten. Déi am X1 spieren sech esou kleesper un, dass se héchstwahrscheinlech keng länger Familljerees ouni Schued iwwerliewen.

Zum Schluss nach e Wuert iwwert d’Ästhetik. Den Tiguan huet eng Virléift fir déi streng horizontal Ligne, déi gutt bei Comptable géif passen. Mir fannen en doudeecht. Den X1 ass do méi muskuléis verspillt, allerdéngs ass dackelkack-brong metallic vläicht (hoffentlech?) och net d’Faarf fir jiddereen.

Motoresch hu mir hei eng absolut équilibréiert Vergläichsbasis: zweemol 2.0 Turbodiesel, zweemol Allrad, zweemol 190 Päerd. Wat fir d’éischt emol no vill kléngt. De BMW ass dobäi en Hauch méi sprëtzeg, seng 8-Gang-Automatik méi douce wéi d’7-Gang-DSG vum VW. Keng Welten.

Allebéid weisen awer déi dynamesch Nodeeler vum héijen SUV-Konzept: spéitstens bei Autobunnsvitesse presentéiert d’Aerodynamik d’Rechnung. An da spiren sech déi 190 Päerd nach just no 150 un. Theoretesch rennen se allebéid op däitschen Autobunne wuel iwwer 210. Mä dat ass kloer net hir Missioun. Beim BMW zum Beispill refuséiert den Tempomat Vitessen iwwert 140 ze späicheren, wat fir en däitschen Auto schonn e bësse gelungen ass.

Diesele sti jo neierdéngs ofgastechnesch an der Kritik. Mä wat d’Relatioun tëscht Fuerleeschtung a Verbrauch ugeet, sinn se ëmmer nach schwéier ze schloen. Esouwuel den Tiguan wéi och den X1 si problemlos ënnert 7 Liter zefridden, mat och do engem klengen Avantage fir de BMW.

Am Verglach mam Virgänger ass den X1 e gutt Stéck méi confortabel ginn. Mä et vermësst een déi BMW-typesch Schäerft bei der Lenkung, déi och am Sportmodus nach ëmmer ze liichtgängeg ass. Also méi Confort a manner Sport. Dat wier u sech kee Problem, well d’Stroosselag ass richteg gutt. An d’Steierung direkt. Mä si bitt esouvill Réckmeldung wéi en doudege Fësch. Propper fuere verlaangt doduerch méi Konzentratioun wéi néideg.

Den Tiguan ass wuel manner vive, mä en huet déi besser Steierung. A probéiert guer net d’Sportskanoun z’imitéieren. Dat Wuert, dat am beschte passt ass “easy”: easy eraklammen, easy ze fueren, easy am Ëmgang. Fuerspaass stoung do net op der Prioritéitelëscht, mä dat ass bei esou Autoen OK.

Si kaschten allebéid als plakegen Antrëttsmodell knapps iwwer 29’000 Euro. Dofir kritt een natierlech nëmmen zwee ugedriwwe Rieder an esou gutt wéi keng Spillsaachen. Eis Testautoen waren awer komplett équipéiert... a koumen op iwwer 50’000 Euro. Mat esou eppes geet een net onbedéngt an de Bësch plouen.

BMW X1 & VW Tiguan (30.06.2016)
Mam BMW X1 a VW Tiguan ginn zwee SUV-Haaptkonkurrenten erneiert. De Pascal Becker an de Serge Pauly hunn se allebéid getest.