Autotest vum 15. September 2016Bentley Bentayga

De Bentley Bentayga ass deen exklusivste SUV, deen een am Moment kafe kann. Dem Pascal Becker säin Testauto huet 250'000€ kascht, plus 49€ fir de Radar.

Anscheinend sinn déi räich Chineese Schold. Oder d’Araber. Oder déi zwee. Wien haut an der Automobilbranche vill Geld wëllt maachen, brauch en SUV. Porsche huet viru Joere kapituléiert, Maserati duerno, an elo och Bentley.

De Bentayga zitt säin Numm anscheinend aus engem Bierg op de kanareschen Inselen. A seng mechanesch Substanz aus der Plattform vum neien Audi Q7. Et ass, mat 2½ Tonnen, en imposanten Auto. An iwwert d’Ästhetik kënnt Dir Iech jo Är eege Meenung maachen.

Ouni Zweiwel huet Bentley sech déi gréisste Méi gemaach, der Maschinn eng eegestänneg Identitéit ze ginn. Am iwwerzeegendste klappt dat am nobelen Intérieur. Audi ass net dee schlechsten Organspender. A wann dat alles mat der Haut vu ville gléckleche Kéi iwwerzu gëtt, ass d’Resultat méi wéi Premium. Luxus. An dobäi hat eisen Auto emol net déi optional Breitling Tourbillon Bordauer... déi aleng 150’000 Euro kascht.

Déi viischt Plaze sinn och esou feudal, déi hënnescht méi wéi adäquat, mä net verschwenderech. Wat och fir d’Mall gëllt. Et sinn awer Detailer wéi een ausklappbare Picnic-Sëtz, déi ee kloer an der ieweschter Schicht verwuerzelen. En idealen Hochsitz fir eng Juegd, e Polomatch oder eng Gewerkschaftsmanif ze bewonneren. A sollt d’Wëld oder d’Proletariat emol bedréilech no kommen, gëtt et kee besseren Auto wéi de Bentayga fir sech séier esou dem Stepps ze maachen.

Sechs Liter, verdeelt op 12 Zylinder, gedoppt vun zwee Turboen. 608 Päerd. Knapp iwwer 300 Spëtzt. D’Date klenge wéi déi vun enger Sportskanoun an d’Gehir ass net gewinnt esou brachial Fuerleeschtunge mat der Silhouette vun engem fetten Jeep ze verbannen. Vollgas ass en Erliefnes. Wat no véier Sekonne schonn illegal ass.

900 Newtonmeter, dat ass genuch Dréimoment fir Bierger platt ze walzen, eng Superyacht oder besser nach en Tanker hannendrun ze hänken. Et kinnt een esouguer e Land wéi Lëtzebuerg einfach ukrämpen a mam Bantayga bis op d’Cote schleefen. Dann hätte mir wéinstens zouverlässeg gutt Wieder.

Wéi déi meescht vu sengen Artgenossen, huet och de Bentley eng Menüskaart, déi d’Zesummenaarbecht vu Fuerwierk, Motor a Boite fir verschidde Konditiounen optiméiert: Schnéi fir Sankt Moritz, Sand fir Dubai, Sport fir Autobunnen an esou weider. A wéi esou dacks ass de sougenannte Bentley-Setting, deen d’Ingénieuren op Dausende vun Testkilometer destilléiert hunn, dee beschte Kompromëss.

Et wier falsch, de Bentayga just als Bling-Mobil ze banaliséieren. Et gehéiert richteg Ingénieurskonscht dohannert, en 2½-Tonne-schwéieren an héiche Koloss an eng onerwaart flénk an dynamesch Limousine ze verwandelen.

Just an enke Kéieren a beim Ofbremse gëtt een heiansdo drun erënnert, dass d’Gesetzer vun der Physik vun onbestiechleche Beamten applizéiert ginn. Dat hei ass en ideale Kandidat fir Keramikbremsen.

Seng Schokolassäit läit fir mech am absolute Confort an an der Rou, mat där een iwwert d’Stroosse schwieft, mat enger Atombomm, déi ëmmer zündbereet ënnert dem Capot lauert.

De Bentayga ass dann och deen éischten Testauto a 15 Joer Automag, dee mir e Protokoll agebrockt huet. Ech kennen de Radar vun Hollerech, ech hat op 70 ofgebremst, et huet sech ugefillt wéi 20, ech hunn d’Brems lass gelooss. A scho waren 49 Euro fort. Verglach mat den 250’000 Euro vum Testauto eng Bagatell.

Bentley Bentayga (15.09.2016)
Bentley Bentayga