Autotest vum 6. Oktober 2016Alfa Giulia

Laang hunn d'Alfisti op den Nofolger vum 159 misste waarden. Elo endlech ass d'Giulia do. De Pascal Becker huet se probéiert.

Et gi Leit, déi behaapten, Alfa fuere wier eng Relioun an dem Alfisti seng Garage säin Tempel. Do ass eppes drun. Wéi bei der Biebel war och bei Alfa dat aalt Testament dee méi spannenden Deel. An zëntergir gëtt schonn zimlech laang op de Retour vum Messias gewaart.

E bëssen historesche Kontext. Déi éischt Giulia kënnt 1962. Eng Sensatioun. Motor mat duebelen ueweleienden Nockewellen, 5-Gang-Boîte. An déi eckeg Karosserie huet en nidderege Loftwiderstand. Bal 180 Spëtzt. VW hat zu där Zäit just de Käfer, de BMW 2002 koum eréischt sechs Joer duerno.

Alfa baut scho laang ästhetesch gefälleg Autoen, op geierfte Fiat-Chassisen, déi dat dynamescht Versprieche vum Look net ëmmer ageléist hunn. Den neien Giulia ass do anescht. Hanne gedriwwen. E komplett neie Chassis, just fir Alfa entwéckelt. An eng kloer Missioun: eng crédibel Alternativ zu den anere Premium-Sportslimousinen z’offréieren. 

Vum Design hir ass déi erfëllt. Bausse wéi banne géif ech den Alfa als gelonge bezeechnen. Iwwert d’Integratioun vum Navi am Tableau kann ee streiden, Écransfetischiste ver¨messen e grousse Schirm, anerer fannen, dass d’Alfaléisung harmonesch agefügt ass.

Wann och d’Plastiksqualitéit keng schloflos Nuechten an Teutonie wäert ausléisen, esou ass d’Finitioun allgemeng korrekt. Just bei de Sëtzer gëtt et Kritik. Ze haart, ze wéineg Halt op de richtege Plazen. Dat hätt kinnte besser sinn.

Et ginn heibannen och kloer Fäll vu Kleptomanie. De Schalthiewel ass direkt aus engem BMW erausgeseet, komplett mat den irritante Sécherheetsspären.  Mä déi automatesch Boîte mécht hiren Job gutt.

Eisen Test-Giulia hat déi schwaachste Motorisatioun. Well de belsche Fiskus bei iwwer 136 Päerd gourmanzesch gëtt. Den 2.2. Liter Diesel gëtt et awer ouni Supplément bei eis mat 150 Päerd, a fir 2’200€ esouguer mat 180 Cavalli.

D’Fuerleeschtunge si korrekt, ouni elo extra Enthusiasmus auszeléisen. Dofir hätte mir de Quadrifogli Verde mat iwwer 500 Päerd gebraucht. Déi éischt Kéiere bréngen allerdéngs direkt e Grinsen. Den Haaptgrond firwat een en hanne gedriwwene Chasis entwéckelt, ass fir dem Fuerspaass ze déngen. An dem Giulia säin ass ee gudde Chassis. Hannen ugedriwwe Rieder kaschte Geld a Plaz, mä si erlaaben eng équilibréiert Gewiichtsverdeelung tëscht vir an hannen: 50/50 beim Giulia. Ideal.

An et muss een Alfa och luewen, dass se net deen einfach Wee gaange sinn. Sportlechkeet gëtt hei net bëlleg mat steenhaarden Amortisseuren erkaaft. Neen, den Giulia ass esouguer tendenziell méi confortabel wéi seng Konkurrenten. Wouriwwer een sech am Alldag freet.

Bon, fir eise Gout ass d’Steierung en Hauch ze liichtgängeg, mä dat ass haut leider iwwerall esou. Oder mir si ganz einfach al Grantsäck.

Bei de Präisser huet Alfa op d’Konkurrenz gekuckt an d’Moyenne gemaach. Ab 31’000 Euro opwäerts fir d’Machina, virun Optiounen, dat ass an dëse Kreeser üblech. A well den neie Giulia endlech erëm op Aenhéicht verhandelt, och net iwwerdriwwen.

Alfa Giulia (06.10.2016)
.