Autotest vum 27. Oktober 2016Nissan GT-R Facelift

Nissan huet de GTR engem Facelift ënnerzunn. Eise Pilot Pascal Becker huet e probéiert a ganz nei Säite kennegeléiert. De GTR kann elo och Confort!

Dësen Auto ass méi séier wéi verschidde Fluchmaschinnen, déi am Fligermusée zu Hermeskeil ausgestallt sinn. Bon, gemengt domat sinn haaptsächlech Helikopteren, mä en Auto, deen 300 leeft, ass ëmmer nach eppes Spezielles. A vun 0 op 100 kinnt e GTR esouguer en Jet ofschläifen.

Den Nissan hei ass esou eppes wéi e Frënd vum Haus, ee vun deene raren Autoen, dee mir an e puer Evolutiounsstufe getest hunn. Wat wuel heescht, dass en eis richteg gutt gefält, an dass ech dankbar si fir alles wat net en SUV-Crossover mat 4-Zylinder-Diesel ass.

Heibanne gëtt et kee Schleidersëtz, just Schuelen, déi op de richtege Plazen halen a stäipen. Wien allerdéngs hanne lant, dierf Amnesty uruffen. E GTR-Pilot kritt immens vill Informatiounen. D’Temperatur vu Waasser, Uelech an Transmissioun, Turbodrock, G-Kraaft-Verdeelung etc etc...

Wat den Display net liwwert, ass den Numm vun deem klengkaréierte Comptablen, dee gemengt huet, dass relativ bëllege Plastik an esou engem wäertegen Auto nach ëmmer OK wier.

Wéi  mir de GTR fir d’éischt begéint hunn, hat en offiziell 485 Päerd a war nach fir ronn 70’000 Euro ze kréien. Haut si mir bei 570 Päerd an 100 Mill ukomm. Wat verglach mat engem ähnlech staarke Porsche, McLaren oder Ferrari aus dem Nissan nach ëmmer eng Rakéit fir d’Vollek mécht, mä bei 6-stellege Zomme kann een awer och Saache kritiséieren. Zum Beispill, dass déi schéi Blo-Metallic-Faarf op de Plastiksdeeler vun der Karosserie ganz aneschters ausgesäit wéi um Blech.

Hei gouf Geld a Gehirschmalz prioritär investéiert an dat wat séier mécht. Mat Erfolleg. 2.7 Sekonne vun 0 op 100? Ni war dat esou einfach. All d’Knäppercher op “R”, Fouss op d’Brems, Vollgas, Brems lass a go! De Launch Control mécht aus jiddferengem en Dragsterheld. Wat dat fir d’Liewenserwaardung vu Kupplung, Boite a Kardan bedeit, steet op engem anere Blat.

Et gëtt op jiddfer Fall keen aneren Auto, deen den Ëmgang mat Urgewalten op fiichten Äifeler Stroossen esou einfach mécht. E bësse wéi e perfekt dresséierte Tyranosaurus als Hausdéier. Wéi beim Dino muss een allerdéngs am Hannerkapp behalen, dass wann een et wierklech emol géif iwwerdreiwen, dass et dann deier gëtt. E GTR richteg bewegen, heescht e Führerschäin op Sursis, ee Been am Prisong an dat anert am Gruef.

Dofir huet Nissan bei dëser leschter Versioun un engem onerwaartene Domaine gefeilt: dem Confort. Neierdangs kann dem Nissan seng Fiederung esouguer geschmeideg nieft sportlech a briethaart. An d’Wuert Confort ass net iwwerdriwwen, well Knubbelen a Lächer ganz passabel geschléckt ginn.

Dat hei ass elo net dee rouegsten Auto, op där anerer Säit gëtt en net vill méi haart, wann ee méi séier fiert. Bei 290 kann een nach ëmmer mam Passagéier diskutéieren, wat natierlech fir den Alldag immens wichteg ass... Déi nei Manéiere hëllefen och dobäi, méi dacks lues ze fueren, at de Verbrauch bis ënner 12 Liter Napalm op 100 drécke kann. Ouni dass ee vu Frust huerelt.

En aneren Detail, wou ee mierkt, dass weiderentwéckelt gouf, ass d’thermesch Isolatioun vun der Mall. No 30 Kilometer war virdrun e gefruerene Bifdeck gutt duerch, elo ass e just entdeet.

Och net onwichteg sinn déi nei LED-Luuchten, de GTR huet domat extrem gutt Geliichts. Et geet nun emol näischt iwwer Sécherheet. Wien dem Nissan e puer Kéiere weist, kënnt garantéiert net op den domme Gedanken, ze telefonéieren. An eleng dat misst seng 100 Ticketen wäert sinn.

Nissan GT-R (27.10.2016)
Am Automag vum 27.10.2016