Autotest vum 17. November 2016Renault Mégane Grandtour GT

De Pascal Becker probéiert den neie Renault Mégane Grantour, an dat an der "semi-sportlecher" GT-Versioun.

Eise Mégane Grandtour ass e GT, e GranTourismo. En Auto mat genuch Muskelen a Fuerwierk fir sech vun der schwabbeleger Mass ofzesetzen, ouni elo all Trajet als Affront un d'Stoppauer ze bewäerten.

Déi gutt Säiten dovu sinn e gelongene Look mat ënnert anerem Sportsëtzer, déi Halt a Confort gekonnt kombinéieren. De Rescht vum Intérieur huet déi eng oder aner blo Sträif, ass soss awer ganz Mégane.

Wat ënnert anerem eng besser Finitioun wéi beim Virgänger bedeit an, op d’mannst an dëser GT-Versioun, eng generéis Équipementslëscht. Un e puer Saache muss en sech gewinnen, wéi de Cruisecontrol Knäppchen tëscht de Sëtzer. Villes leeft iwwert e grousse Schierm, an zesumme mat configurablen Instrumenter klappt dat zimlech gutt an intuitiv.

Déi selwecht Kombinatioun ass fir d’éischt am Espace opgetaucht. Do huet se mer gefall. Duerno si mer eis am Kadjar begéint an ech hu se nach ëmmer gutt fonnt. Dat hei ass elo di drëtte Rencontre. A mir fält esou lues näischt neies méi an dozou se soen. Ausser dass et schéi wier wann d'Constructeure sech e bësse méi Méi géife ginn, fir all Modell eppes Individuelles z'entwéckelen. Mä bon, dat ass vläicht en Tester-Problem.

Ech muss soen, dass ech frou sinn emol erëm e Kombi am Test ze hunn, eng Form vun Auto déi d'Packvolumen vun engem SUV mat der Dynamik an Spuersamkeet vun enger Limousin verbënnt.

De Cargo-Beräich ass net extravagant, mä misst fir eng Famill duergoen. Hei kinnt och e vollwäertegt Ersatzrad ënnert d'Mall passen. Eisen Testauto hat eng Bass-Këscht an eng kleng Fläsch Dichtmëttel. Wann déi bei engem Platten net duergeet, da steet een zwar domm do mä et huet een wéinstens gutt Musek.

A propos Musek. Den Orchester ënnert dem Capot drénkt Benzin an mobiliséiert aus 1600 Kubik 205 Päerd. Domat ass een op jiddefall kräfteg genug ënnerwee. Knapp 7 Sekonne vun 0 op 100, wien kéint do schonn meckeren?

Mä dir kennt mech. Déi agréabel Sprëtzegkeet gëtt ënnert anerem duerch eng extrem kuerz Iwwersetzung vun den ënneschte Gäng erreecht. Wat am Alldag gutt ass. Wien d'Wuert "Sport" awer eescht hellt rennt dacks an de Begrenzer ouni wat mei Kaméidi wéi renge Speed produzéiert. Akustesch ass des Maschinn reizlos, a mat engem realistesche Verbrauch ëm di 9 Liter och net spuersam. Souvill zu den theoretesche Virdeeler vum Downsizing.

Bei de Fuerwierker gehéieren d'Sports-Renaulten zu de ganz gudden, an esou och hei. 4Control heescht, dass déi hënnescht Rieder hei mat renkelen, fir op der enger Säit den Auto an enke Kéieren méi flénk ze maachen an en duerno bei méi héiche Vitessen ze stabiliséieren. Och wann en doduerch net ëmmer linear op Steierruderen reagéiert. Alles an allem awer eng Saach dé gutt funktionnéiert.

Wéi de ganzen Auto. De Mégane Grandtour GT ass agréabel am Alldag, sportlech genug ouni iwwerdriwwen haart ze sinn. Schaltfetischisten mussen allerdéngs passen: d'7-Gang-robotiséiert Boîte ass obligatoresch. An de Präis, knapp ënnert 30’000, fir dat wat gebuede gëtt, net iwwerdriwwen.

Renault Mégane Grandtour GT (18.11.2016)
Eise Mégane Grandtour ass e GT, e GranTourismo.