Mazda huet sengem MX5 méi Leeschtung spendéiert. De Serge Pauly huet mam 184PS-Roadster déi legendär rumänesch Strooss "Transfagarasan" entdeckt.
Zu Lissabon huet de Pascal Becker de Kia Ceed probéiert, an hien huet eng Vanillesglace geschmaacht. Well de Ceed ass a sengen Aen wéi Vanillesglace.
Jaguar huet am Summer säin alleréischten Elektroauto lancéiert. De Serge Pauly huet den I-Pace an der Äifel probéiert. 1 Commentaire(n)
Trotz SUV-Boom (och am eegenen Haus) gleeft Peugeot weiderhinn un déi klassesch Limousine. Mir hunn den neie 508 tëscht Monaco an Nice probéiert.
Um Pabeier sinn sech Alpina B5 a BMW M5 zimlech ähnlech. Mä op der Strooss an um Circuit weist sech, dass si vum Charakter hir ganz verschidde sinn.
De Suzuki Swift Sport suergt net mat vill Päerd fir Fuerspaass, mä mat sengem nidderege Gewiicht. An eisem Test trëfft hien op ee vu senge Virfahren.
Bei der neier A-Klass betount Mercedes den neie Cockpit mat Splitscreen. Mä de Serge Pauly huet zu Split erausfonnt, dass den neien A nach vill méi kann.
De Pascal Becker war bis an d'Alpen fir do déi nei Generatioun vum Touareg ze probéieren. De groussen SUV ass mëttlerweil d'Flagschëff an der VW-Gamme.
Premium-Kompakt-SUV am Quadrat! Mir vergläichen zwee fonkelnei Modeller: de BMW X2 an de Volvo XC40. Wien ass méi praktesch? Wien mécht méi Spaass?
De Hyundai i30 ass éischter e méi braven Auto. Mä mam i30N ginn elo d'GTIen an d'STen an d'Viséier geholl. De Pascal Becker huet de Korea-Sportler getest.
Jaguar lancéiert säin zweete SUV. Den E-Pace ass technesch e RangeRover Evoque a stilistesch en F-Type. De Serge Pauly huet en am Schnéi zu Nice getest.
Wat soll ech kafen: Bensiner oder Diesel? Oder esouguer Elektro? De Pascal an de Serge wollten um Beispill vum VW Golf wëssen, wat sech rentéiert.
De Velar ass d'RangeRover-Versioun vum Jaguar F-Pace. De Pascal Becker ass bis op London gefuer fir dëse Relooking am Detail ze testen.
De Subaru XV ass e Kompakt-SUV, dee vill Leit net op der Rechnung hunn. Wat seng Talenter sinn, wollt de Serge Pauly um Polarkrees erausfannen.
Nom grousse SantaFe an dem mëttelgrousse Tucson proposéiert Hyundai elo och en trendy Kompakt-SUV: de Kona. De Pascal Becker huet en am Detail getest.
No Touareg an Tiguan kënnt T-Roc. VW baut seng SUV-Gamme no ënnen aus. De Pascal Becker huet de Liftstyle-Offroader ronderëm Lissabon probéiert.
Mitsubishi presentéiert säin éischten neie Modell zënter 2012: den Eclipse Cross ass e Kompakt-Coupé-SUV, deen elo a Katalounien virgestallt gouf.
Stinger heescht Stachel, oder en Déier wat pickt. Kia wëllt domatter eng däitsch Bastioun ugräifen. De Pascal Becker mengt: d'Chance sti gutt.
Den neie Fiesta versprécht grouss Finitiouns-Fortschrëtter. Den neien Ibiza ass de Modell op der neier Polo-Plattform. Mir hunn déi zwee matenee verglach.
Mam Panamera Sport Turismo gëtt den éischte Break an der Porsche-Firmegeschicht lancéiert. De Serge Pauly konnt en op Vancouver Island probéieren.