AutofestivalSkoda: Zweeten!

Seat hat mam Ateca virgeluecht, elo kënnt Skoda mam Zwillingsbrudder Karoq, deen anengems de Yeti ofléist.

Bestseller
Wetten dat de Karoq sech op d’mannst esou gutt verkeeft wéi säi spuenesche Brudder? Typesch Skoda ass natierlech den Design; gefälleg mam typesche Grill an de schmuele Luuchten. Do dernieft ass de Karoq e gutt Stéck méi grouss wéi säi Virgänger Yeti.

No der Sneak Preview 2017 ass de Facelift vum Octavia dann elo och offiziell Deel vum Autofestival.