Netikett

Netikett

Mir si frou, Iech kënnen eis Servicer unzebidden, dorënner natierlech d’Méiglechkeet, eis Bäiträg ze kommentéieren. Beim Kommentéiere biede mer Iech:

- datt Dir Iech op d’Thema bezitt,
- datt Dir Är eege Meenung mat Argumenter hannerleet
- an datt Dir Iech verständlech ausdréckt.

Doriwwer eraus ass et eis wichteg, datt de Respekt an der Diskussioun op éischter Plaz steet. Dowéinst bedenkt:

  • Hannert all Bildschierm sëtzt e Mënsch („Think before you post“):
  • Bleift fair a sachlech an denkt drun, datt d’Kommunikatioun op dëser Säit ëffentlech ass.
    Respektéiert w.e.g. aner Notzer_Innen an hir Meenungen.

    Schreift net mat Roserei am Bauch

  • Den Internet ass kee rechtsfräie Raum:
  • Och an de soziale Medie gëllen national an international Gesetzer a Reegelen. Als Notzer vun der Kommentarfunktioun drot Dir och Är Responsabilitéit.

    Dowéinst si verschidden Typpe vu Kommentaren net akzeptabel:

      - Illegal Inhalter wéi rassistesch, diskriminéierend, sexistesch, pornografesch oder gewaltverherrlechend Bäiträg, wéi z.B. Opruff zum Haass oder zur Gewalt a Beleidegungen;
      - Onubruecht Inhalter wéi anzüglech oder perséinlech Ugrëff, déi net ënnert Beleidegunge falen;
      - Spam, Kontaktannoncen, Reklammen, aner kommerziell Inhalter oder falsch Informatiounen.

    Wann dës Reegelen net agehale ginn, behale mir eis d’Recht vir:

      - déi verantwortlech Persounen ze warnen, fir sou Kommentaren ze ënnerloossen;
      - Bäiträg net ze verëffentlechen, ze editéieren, ze verstoppen oder ze läschen;
      - déi verantwortlech Persoun vun eiser Säit ze spären oder all aner ubruecht, och juristesch Moossnam ze ergräifen.Op Ufro informéiere mer Iech als Notzer gären iwwert de Grond, deen zu enger vun dëse Mesurë gefouert huet.

    Als Notzer vun dëser Säit erkläert Dir Iech mat dëse Richtlinnen a Benotzerreegelen averstanen. Bei Froen a Bemierkunge kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

    Dës Netiquette gouf an Zesummenaarbecht mat BEE SECURE a mam Presserot ausgeschafft (Stand Juli 2017).

    Ajoute vun RTL:

      - Fir op RTL.lu Artikelen ze kommentéieren, braucht Dir e Login, well Dir musst agelogged sinn. E Login kënnt Dir hei maachen:
      https://my.rtl.lu/login/

      - Dës Inscriptioun erméiglecht zum engen, datt een Är Contributiounen och als Är erkenne kann, datt ee se Iech zouuerdne kann, wat den Debat personaliséiert, well esou kënnen aner Utilisateuren Iech äntweren, ouni datt Dir misst Är ganz Identitéit präisginn; zum aneren hu mir esou d'Méiglechkeet, Iech perséinlech ze kontaktéieren, falls eng fro oder e Problem wier. (Derbäi kënnt: Bei Gewënnspiller ass et wichteg, datt mir Är richteg Coordonnéeën hunn.)

      - Mir encouragéieren Iech, Är Commentairë mat Ärem vollen Numm ze signéieren. Déi Commentairë gi faarflech ervirgehuewen. Mir akzeptéieren och e Pseudonym, also en Nickname. Wann Dir am Login weder cochéiert hutt, datt Är Commentairë mat vollem Numm kënnen online goen, nach en Nickname uginn hutt, da kënne se leider net validéiert ginn, well soss d’Feld vum Auteur eidel bleiwe géif an net gekennzeechent Bäiträg kënnen net publizéiert ginn.

      - Mir erënneren och op dëser Plaz nach eemol drun, datt verschidden Zorte vu Commentairën net zougelooss sinn. Dat si Bäiträg, déi Haass verbreeden, sexistesch, friemefeindlech, rassistesch, verletzend, beleidegend, diskiminéierend, diffaméierend, negationistesch, pornografesch oder vulgär sinn oder déi sech ofwäertend géintiwwer enger sexueller Orientéierung, enger Relioun, enger Nationalitéit oder enger Hautfaarf äusseren. Ausserdeem dierfe Commentairen net géint national an international Reegele verstoussen a solle weder d’Gewalt, nach aner Delikter verherrlechen.

      - Jidderee kann a seng Commentairen och Linken op aner Säite setzen, virausgesat, dës Linke sinn net ënnert iergendenger Form illegal oder enthale falsch Informatiounen: Stopp Fakenews!

      - Dacks kréie mir ganz vill Commentairë mateneen, do kënne mir beim beschte Wëllen net ëmmer individuell erklären, firwat eppes online gaangen oder offline bliwwen ass ... mir beméien eis awer. Am beschten ass, sech un d’Netiquette ze halen, dann dierft eng Validatioun kee Problem duerstellen.

      - Wann Dir eis, also RTL, e Feedback am Positiven oder am Negative wëllt zoukomme loossen, kënnt Dir dat hei maachen:
      http://www.rtl.lu/feedback/ Benotzt fir Messagen un d’Redaktioun am beschten de Feedback-Tool an net en einfache Commentaire. Feedbacke ginn net online, mir beméien eis, si esou séier ewéi méiglech ze beäntweren. Gitt w.e.g. ëmmer eng Mailadress un, datt mir Iech kontaktéiere kënnen.

    Weider Informatioune fannt Dir an eisem Disclaimer (Conditions d'utilisation) fir de Site ënnert dem Punkt "Charte des utilisateurs des forums de discussion du portail internet d’RTL": http://www.rtl.lu/disclaimer/