StolindustrieThyssenKrupp an Tata Steel fusionéieren hir europäesch Aktivitéiten

Wéi ThyssenKrupp e Samschdeg de Moie matgedeelt huet, wier de Vertrag tëschent béide Stolkonzerner ënnerschriwwe ginn.

© AFP

Mat dësem Vertrag erhofft ee sech „Synergieeffekter“ an Héicht vu 400 bis 500 Milliounen Euro. Op Gewerkschaftssäit ass een och positiv gestëmmt, well d’Fusioun zu Investissementer kéint féieren an Aarbechtsplaze kéint ofsécheren.

Ginn d’Autoritéite Gréng Luucht fir d’Fusioun, da géing déi nei däitsch-indesch Gesellschaft déi zweetgréisst an Europa ginn, nach ëmmer hannert Arcelor Mittal.