DäitschlandDem Bundespresident Gauck säi Mandat geet op en Enn

No 5 Joer am Amt krut den däitsche Bundespresident Gauck mam sougenannten „Großen Zapfenstreich“ Äddi gesot.

Säi Mandat geet elo op en Enn, um Sonndeg iwwerhëlt de fréieren däitschen Ausseminister Frank-Walter Steinmeier. Bei der Feier um Freideg am Schlass Bellevue waren eng 600 Leit derbäi, 300 benevol engagéiert Bierger.

Fir säin Abschied gouf et e puer Tréinen an e ganz perséinleche Musekschoix vum Joachim Gauck: e Vollekslidd, e Kierchelidd an „Über Sieben Brücken musst du gehen“, vun der Rockband Karat aus der fréierer DDR.