Attack zu OrlyTäter stoung ënner Alkohol- an Drogenafloss

De Mann deen e Samschdeg um Fluchhafen Orly zu Paräis eng Zaldotin attackéiert hat, stoung ënnert dem Afloss vun Alkohol an Drogen.

Dat huet eng Autopsie erginn, déi e Sonnden duerchgefouert gouf. Deemno wieren am Blutt vun dem 39 Joer ale Mann Spuere vu Cannabis a Kokain nogewise ginn.

E Samschdeg de Moien hat e Mann versicht enger Zaldotin um Fluchhafe Paris-Orly eng Waff ze klauen a gouf dobäi erschoss. Virdrun hat hie schonn op 2 Poliziste geschoss. Den Täter gouf während der Dot erschoss.

De Parquet huet e Samschdeg den Owend op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt de 39 Joer ale Mann während senger Attack op d'Zaldoten "Ech sinn hei, fir fir den Allah ze stierwen" geruff huet.  

Der Tëleeschaîne BFMTV no hätten d'Polizisten am Rucksak vum Täter och e Kanister mat Bensin fonnt.  



Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wier de Mann scho méi laang suivéiert ginn, wéinst dem Verdacht, datt e sech radikaliséiert hätt. Et hätt och beim Mann doheem eng Perquisitioun, ouni riichterlech Decisioun ginn, dat mellt FranceInfo. “Le Figaro” präziséiert, datt deemools awer näischt an der Wunneng fonnt gouf. Vun offizieller Säit goufen d’Informatiounen net confirméiert.

Iwwerdeems goufen de Brudder an de Papp vum presuméierten Täter an de Garde à vue gesat. De Papp gouf antëscht nees fräigelooss.

"Mäi Bouf war keen Terrorist", sot de Papp vum Mann an engem Interview op Europe 1. Hie wär keen Dschihadist gewiescht, hätt gedronk an net gebiet.

Vum franséische President François Hollande gouf et no der Dot Luef fir d’Polizisten. Déi hätte Courage bewisen a Frankräich wier nach méi determinéiert, d’Sécherheet vu senge Bierger ze verteidegen.