TierkeiPriedeger Gülen net fir Putschversuch am Juli responsabel

Den däitsche Geheimdéngscht geet dovunner aus, dass den tierkesche Priedeger Gülen net Responsabel ass fir de Putschversuch am Juli an der Tierkei.

© AFP
Wéi de Chef vum BND, de Bruno Kahl, dem "Spiegel" sot, wär et an der Tierkei souwisou zu der sougenannter Säuberung an zu de Massenentloossunge vun de Gülen-Supporter komm, vläicht net grad an deem Ausmooss, mä de Putschversuch wier ee wëllkommene Virwand fir Ankara gewiescht.

De Bruno Kahl präziséiert dann och, datt de Putschversuch net vum Staat initiéiert gouf. Scho virdrunner hätt ee kéinte feststellen, datt ëmmer méi Leit hir Plaz am Staatsapparat verluer haten.