Flüchtlinge gequäältPasseur aus Ghana gouf zu Lampedusa verhaft

Den 20 Joer ale Mann soll Flüchtlinge gefoltert, vergewaltegt a Léisegeld bei de Familljen erpresst hunn.

© AFP

De Passeur aus Ghana gouf de 5. Mäerz op Lampedusa festgeholl. Flüchtlingen, déi vum Mann gequäält goufen, haten de presuméierten Täter erkannt, wéi hie grad mat engem Boot op der Insel ukoum. Dobäi hätten d’Migranten de Mann bal gelyncht, heescht et um Samschdeg vun der italienescher Police.

De Mann soll d’Leit mat Elektroschocker mësshandelt hunn an och gliddegt Waasser iwwert se geschott hunn. Verschidde Persoune soll e gequäält hunn, während en d’Familljen ugeruff huet, fir datt déi Léisegeld bezuelen.