Gréisste Fleesch-ExporteurSkandal mat Gammelfleesch a Brasilien

De President Temer ass elo intervenéiert an huet fir e Sonndeg eng Krisesëtzung vun der Regierung aberuff.

Brasilien ass nämlech de gréisste Fleesch-Exporteur vun der Welt. De Skandal kéint also och bedeitend Suitte fir d'Wirtschaft vum Land hunn. Betraff ass och de gréisste Fleeschproduzent vun der Welt, JBS.

Ronn 20 Persoune goufe bis ewell festgeholl. Si sollen de Verkaf vu schlechtem Fleesch organiséiert hunn, dat mat Fleesch, wat nach net ofgelaf war, gemëscht gouf. Dosende Mataarbechter vun de Gesondheetsautoritéite solle bestach gi sinn, 33 Kontrolleure goufe schonn entlooss, 3 Betriber zougemaach an 21 Betriber ënner Observatioun gesat.

De brasilianesche Landwirtschaftsministère huet och betount, datt déi iwwer 4'800 Betriber, déi den Export vu Fleesch an iwwer 160 Länner ofsécheren, streng kontrolléiert gëtt.