Muechtwiessel bei der SPDMartin Schulz neie Parteichef mat 100 Prozent vun de Stëmmen

An Däitschland gouf um Sonndeg de Martin Schulz als neie Parteichef vun der SPD an offiziell och als Kanzlerkandidat gewielt.

De Schulz léist de Sigmar Gabriel no bal 8 Joer un der Spëtzt vun der SPD of.

"Et gëtt kee Grond fir Melancholie": Mat dëse Wierder huet den SPD-Chef Sigmar Gabriel säi Presidenteposte vun der SPD un de Martin Schulz ofginn. Den Opbroch hätt een Numm an dat wier “Martin Schulz”. Deen huet a senger Ried sech da staark fir de Respekt vis-à-vis vun der Bierger gemaach, an och d’Loungläichheet am Land ugeschwat. Et wier ee Skandal, datt an Däitschland dee Sujet nach all Dag misst ugeschwat ginn, esou de neien SPD-Chef. Jidderee misst fir déi selwecht Aarbecht, dee selwechte Loun kréien. Wann net d’Sozialisten dofir géife suergen, datt et méi Gerechtegkeet an Däitschland gëtt, da géif keen aneren dat maachen.

Extrait Martin Schulz



Wat d’Wahlcampagne ugeet, huet de Schulz op déi wichteg Roll vum Gabriel higewisen. Hien u senger Säit géif e staark maachen, an och d’Partei.

Zanter Enn Januar ass de Martin Schulz jo Kanzlerkandidat a seng Partei huet an de Sondage staark zougeluecht an ass nees op Aenhéicht mat der CDU/CSU.

Mat Spannung gëtt erwaart, ob de Schulz 6 Méint virun den däitsche Bundestagswahlen inhaltlech nei Positioune vun der SPD definéiert.

Bis ewell huet e just gesot, hie wéilt „Feeler“ bei den Aarbechtsmaart-Reforme vun der Agenda 2010 korrigéieren. Et soll z.B. méi laang Chômagegeld ginn, wann déi Concernéiert an d'Weiderbildung ginn.

Um Sonndeg kritt Däitschland och en neie Bundespresident: de Frank Walter Steinmeier, fréieren Ausseminister, iwwerhëlt offiziell.

Um 12 Auer gouf hie mat senger Fra am Schlass Bellevue empfaangen. No 5 Joer leeft um Hallefnuecht d’Mandat vum Gauck aus. De 77 Joer ale Politiker hat op een zweet Mandat verzicht dat aus Altersgrënn. Den nächste Mëttwoch gëtt säi Successeur virum Bundestag a Bundesrat vereedegt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.