Wahlen a FrankräichMacron läit nom éischten Televisiounsduell an de Sondagë vir

Et war eelaangen, animéierten a kämpfereschen Debat op TF1, den iwwer dräi Stonnen gedauert huet.

Déi rietspopulistesch Kandidatin Marine Le Pen gouf während dem Debat vun hire Konkurrente schaarf attackéiert. An der Haaptsaach hu Macron, Fillon, Hamon a Mélenchon hir Pläng a Saachen Immigratioun, Educatioun a Sécherheet kritiséiert. D'Marine Le Pen selwer sot, dass si fir ee Frankräich steet, dat sech näischt vun uewen erof diktéiere wéilt loossen. Si wéilt och net d'Remplaçante vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel ginn.

Si wéilt d'Presidentin vu Frankräich sinn an net eng onbestëmmte Regioun vun der EU kontrolléieren. Weider huet d'Marine Le Pen op en Neits betount, dass si e Referendum iwwert den EU-Austrëtt wëll organiséieren. Si hätt och weiderhi wëlles aus dem Schengenraum auszetrieden an den Euro ofzeschafen.

François Fillon iwwer Konsequenze vum Ofschafe vum Euro


Tëscht der Marine Le Pen an dem Emmanuel Macron koum et mat Momenter zu engem heftegen Austausch. Ënnert anerem wéi et ëm d'Thema Laïzitéit goung. Weider huet d'Cheffin dem fréiere Wirtschaftsminister virgeheit, dass hien de "Vide absolu" géif duerstellen.
 
Nom Debat huet d'Zeitung Le Point e Sondage bei Spectateuren duerchféiere gelooss, wien am meeschten iwwerzeegt huet. 24% vun de Leit, déi gefrot goufen, hunn de Partei-onofhängege Kandidat Emmanuel Macron genannt, mat all Kéiers 19% koumen de François Fillon an d'Marine Le Pen op déi zweet Plaz. De Jean-Luc Mélenchon hu 15% vun de Spectateuren iwwerzeegend fonnt. De Benoît Hamon koum mat 10% op déi lescht Plaz.

An der Course ëm d'Successioun vum aktuelle President François Hollande gesinn d'Sondagen den Ament de fréiere Wirtschaftsminister Emmanuel Macron an d'Cheffin vum Front National vir. De Macron géif sech awer am Ballotage de 7. Mee duerchsetzen.

Bal 10 Millioune Leit hunn den Debat op der franséischer Televisioun suivéiert. Dat ass 48 Prozent vun der part d’audience.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.