Limitte goufen iwwerschrattDäitsch Politiker warnen Erdogan viru weiderer Eskalatioun

"Mir sinn tolerant, mee mir si keng Idioten", esou reagéiert den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel op d’Reprochë vum tierkesche President Erdogan.

Den tierkesche President hat sech e Sonnden op der tierkescher Televisioun direkt un d’Bundeskanzlerin Angela Merkel adresséiert, an hir Nazi-Praktiken virgehäit. Hien hat ënnert anerem mat Bléck op Europa gesot, dass Gaskummeren a Sammellager nees kéinten en Thema ginn, mä dat géifen si sech net trauen. Den Erdogan huet allerdéngs opstoe gelooss, wien hie konkret mat si gemengt huet.

An der Passauer "Neue Presse", weist sech den Gabriel rosen iwwert dës Aussoen. Hien hätt an engem Gespréich sengem tierkeschen Homolog ganz kloer gemaach, datt mat dëse ”schockante” Wierder eng Limitte iwwerschratt gouf.

Den neien SPD-Chef Martin Schulz huet den tierkesche President virun neien Eskalatioune gewarnt. Et misst een him mat klore Wieder soen, dass dat esou net geet.

Och de Manfred Weber huet den tierkesche President virun enger weiderer Eskalatioun vum Konflikt mat Däitschland an aneren europäesche Länner gewarnt. De Stolz vun enger Natioun, kéint net duerch d'Beleidege vun aneren verdeedegt ginn, sou de Vizepresident vun der CSU an engem Interview mat däitsche Medien. Mat dëser aggressiver Politik géif den Erdogan sengem Land am meeschte schueden.

Begleet vun den aktuellen Differenzen tëscht der EU an der Tierkei, huet sech de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider e Sonnde fir eng Aarbechtsvisite op de Wee Direktioun Istanbul gemaach. Um Programm stinn eng ganz Partie Entrevuen. Ënnert anerem kënnt den Etienne Schneider mat sengem tierkeschen Homolog zesummen. Déi zwou Delegatioune maachen donieft de Point vun de bilaterale wirtschaftlechen Relatiounen.



Étienne Schneider en visite de travail en république de Turquie (19-21.03.2017)
Communiqué par: ministère de l’Économie

Le Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie, Étienne Schneider, se rendra du 19 au 21 mars 2017 à Istanbul pour une visite de travail chez son homologue Nihat Zeybekci dans le cadre de la troisième session de la "Joint Economic and Trade Commission" (JETCO). Ces réunions entre les ministres de l’Économie turc et luxembourgeois ainsi que de leurs délégations visent à faire régulièrement le point sur les relations économiques bilatérales.

Agissant en tant qu’institution coordinatrice, la JETCO est composée de représentants des autorités turques et luxembourgeoises en charge des relations économiques et commerciales dans leurs pays respectifs. La commission a pour mission d’améliorer mutuellement le climat d’investissement et de développer les relations commerciales entre les deux pays.

Dans le cadre de cette visite de travail, Étienne Schneider, Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie aura également une entrevue avec Garip Sahillioglu, CEO de Mars Logistics. Cette société assure en collaboration avec CFL Multimodal un transport combiné rail/route de Bettembourg jusqu’à Trieste en Italie. Les trains transportent des marchandises en provenance ou à destination de la Turquie, connectant ainsi le continent européen à l’Asie.

Communiqué par le ministère de l'Économie