Zoustëmmung fältËmmer manner Leit ënnerstëtzen dem Trump seng Politik

Eng Ëmfro vum Weekend huet erginn, dass nach just 37% vun de Leit déi gefrot goufen, dem amerikanesche President seng Politik als positiv bezeechnen.

58% hu sech negativ geäussert. Am Ufank vum Donald Trump senger Mandatszäit Enn Januar war seng Politik nach bei 45% vun de Bierger op Zoustëmmung gestouss.

Dem amerikanesche President Donald Trump säin Nofolgermodell vum fréieren US-President senger Obamacare, soll virum Vote am Representantenhaus nach eemol nogebessert ginn. Dëst huet de Spriecher vun de Republikaner Paul Ryan op Fox News gesot.

Zur Diskussioun stinn eng zousätzlech Hëllef fir eeler Amerikaner, wa si eng Krankeversécherung ofschléissen. Et wéilt een nach Hëllefen offréieren, wéi dat wat bis ewell am Gesetzprojet virgesinn ass sou de Paul Ryan.

Mat engem Vote iwwert dem Trump seng Gesondheetsreform am Representantenhaus gëtt en Donneschdeg gerechent.