Iwwerschwemmungen am PeruEl Niño suergt fir Zerstéierung

Zanter Ufank des Jores si schonn op d'mannst 75 Leit em d'Liewe komm.

© AFP Archivbild

De Klimaphänomen El Niño huet a wäiten Deeler vum Peru fir Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche gesuergt. De Schued ass extrem.

Zu Lima an am Norde vum Land koumen zanter dem Ufank vum Joer op d'mannst 75 Mënschen ëm d'Liewen. Dat huet den Nationale Katastropheschutz de Sonndeg bekannt ginn.

Zéngdausende vu Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp. Milliounen anerer riskéieren, geschwënn keen Drénkwaasser méi ze hunn.

De peruanesche Staatschef Kuczynski huet Hëllef a Milliounenhéicht versprach, fir déi zerstéiert Géigenden nees opzebauen.