11 Leit festgehollGréisser Demonstratioune géint d'Policegewalt zu Paräis

Ronn 7.500 Leit hunn e Sonnden op de Paräisser Stroossen friddlech géint d’Policegewalt demonstréiert.

Gewerkschaften a Mënscherechtsaktivisten haten zu der Demonstratioun opgeruff, nodeems Familjemembere vun Affer vu Policegewalt d’Iddi lancéiert haten.  
Bei der Manifestatioun goufen et just Tëschefäll um Bord vum Evenement. Maskéiert Persoune waren op d’Poliziste lassgaangen. Op d'mannst 11 goufe festgeholl.



Zanter Ufank Februar en 22 Joer ale Mann brutal vun de Beamte festgeholl a schro blesséiert gouf, kënnt et a Frankräich ëmmer nees zu Protester.