Inneminister aus europäeschen an nordafrikanesche LännerGespréicher ëm d'Migratiounskris stinn am Mëttelpunkt

D'Inneminister aus europäeschen an nordafrikanesche Länner kommen e Méinden de Moien zu Roum beieneen.

Et geet drëms, wéi den Afflux u Flüchtlingen Direktioun Europa ka gestoppt ginn.

Virun der libescher Küst goufen iwwerdeems ronn 3.000 Bootsflüchtlinge gerett, dat huet déi italienesch Garde Côte matgedeelt. D'Migrante wiere während net manner wéi 22 Asätz a Sécherheet bruecht ginn. Nodeems et déi lescht Deeg méi roueg war, profitéiere vill Leit vun deem gudde Wieder, fir nees dee geféierlechen Trajet Direktioun Europa op sech huelen.

No Informatioune vun der italienescher Regierung goufen zanter e Freideg iwwer 16.000 Mënschen aus dem Mëttelmier gerett. D'lescht Joer ëm des Zäit waren et knapp 12.000. Libyen ass e wichtegt Transitland fir Migranten aus Afrika.